Mäerteskierch vu Jonglënster

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Jonglënster)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Jonglënster
D'Parkierch vu Jonglënster
Uertschaft Jonglënster
Par Jonglënster
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratiounsjoer 1774
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Mäerteskierch vu Jonglënster ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.

De Patréiner ass den Hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

Zur Par Jonglënster hunn och nach d'Kapell vun Allënster, d'Filialkierch zu Gonnereng an Filialkierch zu Guedber gehéiert.

Si steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft an der Buerglënsterstrooss, dem CR129.

Den 28. Dezember 1961 gouf d'Kierch an den ale Kierfecht op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen. De 5. Mäerz 2004 koum d'Uergel an der Kierch dobäi.[1]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Parkierch vu Jonglënster ass an de Jore vu 1771 bis 1773 gebaut ginn, ënner dem Paschtouer Otto Borrigs (1744-1785[2]). De Baustil ass Spéitbarock. De 24. Juli 1774 huet de Weibëschof Johann Nikolaus von Hontheim vun Tréier déi nei Kierch geweit.

Bannen a baussen ass d'Kierch an de Joren 1969 bis 1974 an dann nees 2008 bis 2010 komplett restauréiert ginn.

De Chronogramm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Kircheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1772 duerstellt:

ECCLesIa paroChIaLIs In LInster
noVIter ereCta sVb patroCInIo
sanCtI MartInI a pastore Ottone BorrIgs

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Klack Gewiicht Grondtoun Gewidmet Opschrëft
1 2.304 kg c’+3 = do Maria Tréischterin am Leed Hélleg Maria Tréischterin am Leed Patréinesch vu Stad a Land féier eis zu dengem Jong Jesus Christus biet fir eist Land an eis Kierch zu Lëtzebuerg - Ech laude fir de Glaf z’erhalen d'Hoffnung ze stäerken an d'Léift ze verdéiwen - Jonglënster 2009
2 1.750 kg es'+6 =mib Herz Jesu Ecclesiae parochiali ad sanctum Martinum in Junglinster / In honorem S.S. Cordis Jesu me fundere fecerunt: Nicolaus Krier, Parochus, Theresia Brentner, Suzanna Olinger / Consores: Maria, Magdalena Klein et Alii Benefactores parochiae - CONVOCIO PIOS LVGEO FVNVS FVGO TEMPESTATES EXTINGVO INCENDIA FUSA PER CAUSARD ARGENTIAE COLMARIAE 1895
3 1.202 kg f’+4 = fa Joseph Hellege Jousef bescheidenen Aarbechter an treie Beschützer vun der hl. Famill waach iwwer all déi déi schaffen beschütz eis Familljen a begleet déi déi stierwen – Ech laude fir Eenheet ënner de Mënschen a Fridden op der Äerd - Jonglënster 2009
4 630 kg g’+1 = sol Walburga + Franz Xaver In honorem SS. Walburgae et F. Xaverii 1773
5 767 kg as'+6 = lab Willibrord Hellege Willibrord onermiddleche Missionär an Apostel vun eiser Heemecht hëllef eis d'Léift vu Jesus Christus an d'Welt eraus ze droen – Ech lauden zum Luef vum Härgott - Jonglënster 2009
6 300 kg b’-3 = sib Martin S.Martinus Patron in der Pharkirch zu Iunglietzter Anno 1721 – Barron de Metzenhausen von Burglietzter Hochgerichts - Herr Ionanes Weisgerber Pastor – Ioannes Weis Meyer
7 497 kg c’’+5 = do Schetzel Séilege Schetzel Einsiidler am Gréngewald a Frënd vun der Natur hëllef eis den Härgott a senger Schöpfung z’erkennen – Ech lauden zur Freed vun de Mënschen - Jonglënster 2009

Déi 4 Klacke vun 2009, eng grouss an dräi méi klenger, goufen den 29. Mee 2009 an der Klackegéisserei Maria Laach, vum Benediktinerbrudder Michael Reuter gegoss. De Paschtouer Francis Erasmy huet se am Numm vum Äerzbëschof de 25. Juni 2009 konsekréiert.

Dem Dominique Lang säi Bild[änneren | Quelltext änneren]

Ausschnëtt aus dem Tableau vum Dominique Lang d'Daf vum Christus
Statu vum Hl. Mäerten

Hannen an der Kierch op der rietser Säit hanner dem Dafsteen ass en Tableau vum Dominique Lang, deen de Paschtouer Nicolas Krier ëm 1900 bestallt hat. Et weist de Johannes, den Deefer, deen de Jesus deeft.

Chouerverwëllef[änneren | Quelltext änneren]

D'Freskemolerei um Chouerverwëllef staamt vum Ignatius Millim, engem Moler vu Brünn, (Mieren). Se weist Jesus, dee vun den Hellegen aus dem Alen Testament als Weltriichter um Jéngsterdag ugebiet gëtt.
Iwwer dem Triumphbou ass d'Ubiede vum Jesuskand duerch déi dräi Kinneken ze gesinn.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel gouf de 15. September 1792 vum Paschtouer Karl Clemens Molitor fir 40 Louis d'or am Klouschter Mariendall kaaft. De barocken Uergelprospekt ass, wéi den Héichaltor räich dekoréiert mat Engelskäpp.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Jonglënster

D'Statuen[änneren | Quelltext änneren]

D'Grafsteng[änneren | Quelltext änneren]

Op de Grafsteng an der Kierch gesäit een:

  • Den Heinrich vu Metzenhausen, Här vu Lënster († 1574), mat sengen zwou Fraen: d'Eva Waldpott (Waldbottin) vu Bassenheim († 1564) an d'Johanna vun Elter († 1576)
  • De Bernhardt vun Orley, Här vu Lënster, gestuerwen den 8. Oktober 1591
  • D'Julianna vu Boulich, d'zweet Fra vum Bernhardt vun Orley, gestuerwen de 5. Dezember 1597
  • D'Anna vu Malberg († 1568), déi éischt Fra vum Bernhardt vun Orley, Här vu Lënster
  • D'Elisabeth vun Elter († 1540)
  • D'Franziska vu Bolant († 1539)
  • De Bernhardt vun Orley († 27. Oktober 1494)
  • De Claude vun Orley († 1539)
  • D'Anna vu Malberg († 1568)
  • De Clemens vun Orley († 1539)
Eva Waldpott.jpg Grafsteen vum Bernhardt vun Orley.jpg Graf Fra.JPG Johanna.JPG
Grafstee vun der Eva Waldpott vu Bassenheim
éischt Fra vum Heinrich vu Metzenhausen
gestuerwen 1564
Grafstee vum Bernhardt vun Orley,
Här vu Lënster,
gestuerwen den 8. Oktober 1591
Grafstee vun der Julianna vu Boulich,
zweet Fra vum Bernhardt vun Orley,
gestuerwen de 5. Dezember 1597
Grafstee vun der Johanna vun Elter,
zweet Fra vum H. vu Metzenhausen,
gestuerwen 1576

Paschtéier vu Jonglënster[änneren | Quelltext änneren]

Altär an der Kierch
  • 1744 - 1783 Otto Borrigs
  • 1783 - 1789 Eberhard Krantz
  • 1789 - 1808 Karl Molitor
  • 1808 - 1826 Benedikt Havelange
  • 1826 - 1836 Philippe Graas
  • 1836 - 1877 Peter Schintgen
  • 1878 - 1915 Johann Nikolaus Krier
  • 1915 - 1932 Wilhelm Steimetz
  • 1932 - 1944 Eugen Medinger
  • 1944 - 1945 Nicolas Godefroid
  • 1945 - 1964 Henri Heuertz
  • 1964 - 1981 Pierre Schaus vu Béiwen/Atert
  • 1981 - 1999 Jean Siebenbour vu Munneref
  • 1999 - 2007 Jeannot Gillen vun Esch/Uelzecht
  • 2007 Francis Erasmy vu Lëtzebuerg-Hamm

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmitt G., 1954. L'église paroissiale de Junglinster, in: Les Cahiers Luxembourgeois 1954, no de Noël.
  • Weicherding-Goergen B., 1974. L'église paroissiale de Junglinster, Luxembourg 1974.
  • Erasmy, Francis, 2011. Geschichte der Orgel in Junglinster. Die Warte 10|2324, Luxemburger Wort vum 17. Mäerz 2011, S. 7-10.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mäerteskierch vu Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Panoramabild
Panoramabild


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).
  2. Gestuerwen den 11. August 1785, sou op der Plack baussen op der Kierch