Méchelskierch zu Knapphouschent

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Knapphouschent)
Kierch vu Knapphouschent
Filialkierch vu Knapphouschent (2014)

Filialkierch vu Knapphouschent (2014)
Filialkierch vu Knapphouschent (2014)
Uertschaft / Plaz Knapphouschent
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Baujoer 1765
Koordinaten 50° 0’ 43.1’’ N
      5° 57’ 44.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch zu Knapphouschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss (Duerfstrooss), dem CR327.

De 17. November 1969 gouf se zesumme mam ale Kierfecht op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Schlosssteen iwwer dem Aganksportal gëtt als Baujoer 1765 un. Zanter 1808 ass Knapphouschent mat Selschent eng eege Par. D'Kierch an de ganze Mobiliar sinn aus dem 18. Joerhonnert. Déi reng Stuckaturen um Verwëllef sinn am Rokoko gehalen. D'Statu vum Hl. Jousef um Héichaltor ass aus den 1980er Joren. Zum Kiercheschatz gehéieren eng wäertvoll Monstranz an e Kräizreliquiar aus dem 18. Joerhonnert, déi zu Veianen hiergestallt goufen.

Déi grouss Klack ass 1865 vun der Firma Causard gegoss ginn, déi kleng Klack ass vun 1844.

Uganks des Joer 2005 ass d'Kierch vu Knapphouschent komplett restauréiert ginn.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Knapphouschent, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Knapphouschent huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Selschent gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Knapphouschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).