Kierch Manternach

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Manternach
Parkierch vu Manternach (2006)
Parkierch vu Manternach (2006)
Uertschaft / Plaz Manternach
Par Manternach
Dekanat Gréiwemaacher
Numm / Patréiner Hl. Brictius
Konsekratioun 1865
Baujoer 1864
Koordinaten 50° 04’ 29.8’’ N
06° 04’ 00.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Manternach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Manternach, zum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Gréiwemaacher an zu der Gemeng Manternach gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Brictius, deem säi Fest den 13. November gefeiert gëtt.

Se steet am Kirchewee, enger Sakgaass. Géigeniwwer vun der Kierch steet d'Gemengenhaus, nieft deem de Kierfecht ugeluecht ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems sech am 19. Joerhonnert an der Géigend vu Manternach eng bedeitend Eisen- a Pabeierindustrie entwéckelt hat, wouduerch d'Zuel vun den Awunner sech stänneg vergréissert hat, gouf déi al an deelweis baufälleg Kierch, déi op der haiteger Plaz virun der Kierch stoung, ze kleng an den deemolege Paschtouer Nicolas Graff huet proposéiert eng nei ze bauen. No den néidege Viraarbechte goufen de 7. Mäerz 1863 d'Bauaarbechten ëffentlech ausgeschriwwen, déi den Entreprener Ludwig aus Kanech fir sech konnt gewannen. Den 3. Juni 1863 gouf de Grondsteen geluecht a schonn den 12. Juni 1865 gouf déi nei Kierch konsekréiert.

1915 gouf en neien Haaptaltor opgeriicht, en Duxall gebaut an deen alen Harmonium duerch eng Uergel ersat.

1919 goufen déi al Fënsteren am Chouer duerch neier ersat, wat 1928 och mat de Fënsteren am Kiercheschëff geschitt ass.

2014 gouf d'Kierch baussen nei ugestrach. Den Tuerm vun der Kierch krut am November-Dezember 2014 eng nei Spëtzt, well d'Gehëlz net méi stabil genuch war. Am Tuerm hat 1908 de Blëtz ageschloen, wat bei de Reparaturaarbechte vun 2014 konfirméiert gouf, well Spure vun der Reparatur vun deemools fonnt goufen.[1]

De 15. November 2015 gouf a Presenz vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den 150. Jubiläum vun der Kierch gefeiert an eng Erënnerungsplack virun der Kierch ageweit.[2]

Den 2. Mäerz 2018 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Klackentuerm hänke 4 Klacken:

  • D'Klack Do gouf 1983 zu Saarburg vun der Klackegéisserei Mabilon gegoss a weit 400 Kg.
  • D'Klack La gouf 1894 zu Saarburg vun der Klackegéisserei Mabilon gegoss a weit 600 Kg.
  • D'Klack Sol gouf 1965 an der Äifeler Klackegéisserei gegoss a weit 700 Kg.
  • D'Klack Fa gouf 1965 an der Äifeler Klackengéisserei gegoss a weit 1000 Kg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch an d'Gemengenhaus vu Süde gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den neie Kierchtuerm ass an der Maach Robert Mehlen den 29. November op mywort.lu
  2. Guy Seyler: 150 Kerzen für eine Kirche am Luxemburger Wort vum 17. November 2015, S. 24