Kierch Monnerech

Vu Wikipedia
Kierch vu Monnerech
Parkierch vu Monnerech (2013)

Parkierch vu Monnerech (2013)
Parkierch vu Monnerech (2013)
Uertschaft / Plaz Monnerech
Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken
Notre-Dame-de-l'Évangile
Dekanat Esch-Uelzecht
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Architekt(en) Sigmund Mungenast
Baujoer 1738
Koordinaten 49° 31’ 51.7’’ N
      05° 59’ 18.0’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Monnerech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Monnerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Place de l'Église an der Escher Strooss, dem CR106.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kierch gouf zu Monnerech fir d'éischt 1148 ernimmt. Dat war nodeem den Äerzbëschof Bruno vun Tréier säin Accord ginn hat, datt déi 26 Paren, déi all Joer freides nom zweete Sonndeg no Ouschteren op Tréier gepilgert si, fir do z'afferen, dat vun do un an der Abtei Almënster am Gronn maache konnten. Zu dëse Paren huet och d'Par Monnerech gehéiert.

1738 gouf eng nei Kierch gebaut déi och haut nach besteet. Dobäi huet d'Abtei Iechternach opgrond vun hirem Zéngtrecht d'Haaptschëff vum Architekt Sigmund Mungenast baue gelooss, de Paschtouer war fir de Bau vum Chouer zoustänneg. Eréischt 1752 hunn d'Membere vun der Par sech decidéiert, den Zwiwweltuerm bauen ze loossen. D'Annexen op all Säit vum Tuerm datéiere vun 1953.

D'Kierch gouf 1968 wéinst hirer typescher Barock-Architektur als Nationalmonument klasséiert.

Bannenariichtung[änneren | Quelltext änneren]

Den Héichaltor aus dem Joer 1746 staamt vum Sculpteur Nicolas Anseaux, grad ewéi eng geschnëtzte Skulptur vum hellege Willibrord. De Priedegtstull ass e Wierk vum Sculpteur Nicolas Jacques. De Kräizwee aus polychroméiertem Lannenholz staamt vum Rëmelenger Sculpteur Albert Hames.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien