Kierch On

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vun On
Filialkierch vun On (2009)
Filialkierch vun On (2009)
Uertschaft / Plaz On
Par Nidderdonwen
Dekanat Gréiwemaacher
Numm / Patréiner Hellegt Kräiz
Koordinaten 49° 37’ 38.6’’ N
06° 25’ 15.6’’ O
Kierchen - Kapellen
De Chouer

D'Kierch zu On ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Nidderdonwen, zum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Gréiwemaacher an zu der Gemeng Wuermeldeng gehéiert.

D'Kierch ass dem Hellege Kräiz geweit. De Festdaag ass de 14. September.

Se steet am Duerfkäer an der rue Aly Duhr.

Zur fréierer Par Nidderdonwen gehéieren ausser der Filialkierch vun On och nach d'Parkierch vun Nidderdonwen an d'Kapell vun Uewerdonwen.

D'Kierchefënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchefënstere stamen aus dem Glasmolereiatelier vum W. H. Jansen vun Tréier.

D'Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. Abrëll 1957 op Ouschterméindeg sinn 3 nei Klacke vum Bëschof Léon Lommel geweit ginn. Deemools war den Oner Paschtouer den Nikolaus Wagner an de Kaploun den Nikolaus Rausch. D'Klacke goufen de 25. Februar 1957 vum Johann Mark zu Brockscheid an der Äifel, vun der haiteger Eifeler Glockengießerei Mark, gegoss. All Klack huet 8 Dafpätteren an 8 Dafgiedelen.

Klack Gewiicht Grondtoun Gewidmet Opschrëft
1 295 kg si Hellege Jousef Ecce fidelis servus. Adjutor et protector noster, in nomine sancto tuo speramus
2 445 kg la Mutter Gottes Ave spes nostra. Sub tuum praesidium confugimus, sancta Dei Genitrix
3 750 kg la dièse Hellegt Kräiz Fulget crucis mysterium. Nos autem gloriari oportet in cruce Domini nostri Jesu Christi

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch On – Biller, Videoen oder Audiodateien