Kierch Reckeng op der Mess

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Recken op der Mess)
Kierch vu Recken

Uertschaft / Plaz Reckeng op der Mess
Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Aldegundis
Konsekratioun 1971
Architekt(en) Jean Deitz
Koordinaten 49° 33’ 43.32’’ N
      06° 00’ 25.58’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Reckeng op der Mess ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Reckeng op der Mess gehéiert.

Patréinesch ass d'helleg Aldegundis, där hiert Fest den 30. Januar gefeiert gëtt.

Se steet am Duerfkär tëscht der Lampecher Strooss an der Jean-Pierre-Hilger Strooss an ass an de Joren 1933 an 1934 gebaut ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Scho virum Éischte Weltkrich gouf e Kierchebauveräin zu Recken gegrënnt. Den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Reichling hat Pläng fir eng nei Kierch ausschaffe gelooss, mee de Krich an d'Entwäertung vum Frang hunn där Saach e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Dee Projet gouf eréischt 1933 vum neie Paschtouer Nicolas Bouquet nees lancéiert. Déi lokal Kierchefabrick hat zwar net genuch Suen, mee e Spendenopruff an der Par hunn eng beträchtlech Zomm zesummebruecht an d'Gemeng huet de Rescht vun de Käschten iwwerholl. Den Escher Architekt Jean Deitz huet d'Pläng fir déi nei Kierch gezeechent.

Den 19. Juni 1933 gouf mat den Ofrappaarbechte vun der aler Kierch ugefaangen. D'Baufirma Zambelli & Jongen huet d'Aarbechte fir déi nei Kierch ausgefouert. D'Iwwerreschter vun den ale Griewer goufen dobäi an e gemeinsaamt Graf um neie Kierfecht iwwerfouert, an déi iwwreg gebliwwe Grafsteng goufen an d'Mauere vun der neier Kierch agebaut.

Wärend de Bauaarbechte gouf de Gottesdéngscht am Reckener Musekssall an an der Kapell vu Riedgen gehalen.

Schonn de 7. August 1933 gouf de Grondsteen fir déi nei Kierch vum Dekan Nic. Beisdorff vu Beetebuerg geluecht, an am November hat de Bau scho säin Daach. D'Joer drop gouf d'Gebai fäerdeggestallt. An der Haaptfassade ass e Kräiz agebaut dat vum Claus Cito gemeesselt gouf. D'Miwwelen, dorënner d'Barockaltär, goufen aus der aler Kierch iwwerholl.

1953 ass de Klackelautsystem elektrifizéiert ginn an 1961 ass d'Koksheizung duerch eng Mazout-bedriwwe Waarmloftheizung ersat ginn.

De Georges Gevigné ass 1965 Paschtouer vun der Par Reckeng op der Mess ginn. Hien huet d'Kierch esou ëmstrukturéiert, datt si den neie Richtlinne vun der Liturgiereform vum Zweete Vatikanesch Konzil (1962-65) entsprach huet. Am Kader vun där Reform huet d'Gemeng d'Kierch an d'Sakristei vu bannen nei usträichen an d'Fassade frësch maache gelooss. Donieft goufen och Sanitäranlagen installéiert an en neien Holzplafong opgehangen. 1968 huet déi staatlech Kommissioun des sites et des monuments nationaux déi al Barockaltär restauréiert. Déi goufen am fréien 18. Joerhonnert vum Nikolaus Greef vun Altwies geschnëtzt. De 17. Juni 1969 gouf den neien Altor aus Gilsdrefer Steen opgestallt. Deen Altor aus engem eenzege Block mat engem Gewiicht vun 3,2 Tonne gouf vun der Dikrecher Firma Geisen geschnidden. Och den neien Ambo war aus Gilsdrefer Steen. Am Chouer gouf zousätzlech eng nei Glasmolerei vum Gustave Zanter installéiert.

D'Par hat 485.561 Lëtzebuerger Frang fir d'Aarbechte gesammelt, dovun e Subside vum Kulturministère vu 40.000 Frang.

De 26. September 1971 ass d'Kierch konsekréiert ginn.

Zënter 1996 gëtt et an der Kierch eng Uergel vun der Firma Schumacher aus Baelen.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Die restaurierten Kirchen von Reckingen-Roedgen und Ehlingen, Broschür fir d'Konsekratioun vun der Kierch zu Recken an der Altorweih zu Éileng de 26. September 1971

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu