Kierch Rued-Sir
| ||||
---|---|---|---|---|
De Kierchtuerm vu Rued-Sir | ||||
Uertschaft / Plaz | Rued-Sir | |||
Par | Par Musel a Syr Saint-Jacques | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Konsekratioun | 1978 | |||
Architekt(en) | René Schmit Jean Ewert André Haagen | |||
Baujoer | 1978 | |||
Koordinaten | 49° 39’ 53.6’’ N 06° 18’ 0.2’’ O | |||
Déi nei Kierch | ||||
Kierchen - Kapellen |
Déi nei Kierch vu Rued-Sir ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Betzder gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jakobus, deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass d'Mater Dolorosa.
Rued-Sir huet zwou Kierchen, vun deenen déi al nëmmen nach fir Ausstellungen an aner kulturell Zwecker benotzt gëtt. Déi nei Kierch steet am Ufank vun der Ouljener Strooss (rue d'Olingen), dem CR134, nëmmen zirka 40 m vun der Kräizung mat der N1. Déi al steet an der selwechter Strooss wéi déi nei, vun där zirka 120 m ewech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi al Kierch
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Kierch Rued-Sir.
Déi modern Kierch
[änneren | Quelltext änneren]An der Nokrichszäit vum 20. Joerhonnert huet sech d'Fro gestallt, ob déi kleng Kierch nach zäitgeméiss wier, soudatt an de Joren 1963 bis 1968, ënner dem Paschtouer Adolphe Krier e Kierchebauveräi gegrënnt ginn ass. Zéng Joer drop sollt dann déi nei modern Kierch entstoen, där hire Grondsteen de 4. Juli 1976 geluecht gouf. Se gouf den 8. Oktober 1978 geweit.
D'Kierch vu Rued-Sir steet zanter Joren zwee- bis dräimol am Mount der „Nederlandse Protestantse Gemeenschap“ zur Verfügung.
D'Kierch vu bannen
[änneren | Quelltext änneren]D'Bannenausstattung ass zum groussen Deel vum Egino Weinert, sou:
- den Tabernakel: lescht Owesmoolzecht
- d'Hängekräiz mat engem béidsäiteg bebillerte Medaillon; soudatt een d'Kräiz ka vun zwou Säite weisen: Féisswäschen a Kräizegung
- den Dafsteen: Daf vu Jesus
- de Kräizwee
- de Kräizwee vum Roger Bertemes
- d'Käerzestänneren
- den Ouschterkäerzestänner
- de Muttergottesmedaillon
Den Altor, den Ambo an d'Chouerstill si vum Pauly. D'Fënstere goufe vum Georges Calteux an Ad Deville entworf.
Nieft dem Kräizwee vum Egino Weinert hänkt zanter 1988 en net-figurative Kräizwee vum Roger Bertemes an der Kierch.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Georges, Nic; Paschtouer vu Betzder: Kurzgeschichten der Pfarreien Verfasser Nic Georges 25.7.1987,
- Backendorf, C. Lokalchronik Roodt-sur-Syre, Roodt-sur-Syre, 15.9.1999
- Kierchebauveräin Rued-Sir, 10 Joer nei Parkierch Rued-Sir, 1988
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Rued-Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer
- Chronik op der Websäit vum Parverband Widdebierg
- Wortlos Lob, De Kräizwee vum Roger Bertemes
- D'Fënstere vun der neier Kierch vu Rued-Sir op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Fënstere vun der aler Kierch vu Rued-Sir op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)