Kierch Sainte-Véronique zu Léck

Vu Wikipedia
Déi fréier Kierch Sainte-Véronique. Zeechnung vum L. Béthune no engem Tableau vum Decoux

D'Kierch Sainte-Véronique zu Léck ass d'Parkierch vum Quartier Avroy.

D'Par vun Avroy louch mat 600 ha. am Ufank baussent de Mauere vu Léck. Déi éischt Lécker Par geet zeréck op d'11. Joerhonnert. Wéini déi éischt Kierch gebaut gouf ass net bekannt, et ass just gewosst datt se am Ufank vum 16. Joerhonnert restauréiert gouf.

Dës Kierch gouf 1669 ofgerappt an duerch eng nei ersat. Duerch d'Krichszoustänn an der Zäit vun der franséischer Revolutioun, an ënner dem Regime vum Napoléon ass d'Kierch verfall, an eng nei Kierch ass gebaut ginn.

Déi nei Kierch gouf 1847 opgeriicht an 1848 ageweit. D'Gebai war vum Architekt Hyacinthe Dejardin an engem neo-klassizistesche Stil entworf ginn. Et ass déi Kierch, déi haut nach op der Nummer 20 vun der Place Sainte-Véronique steet.

D'Patréiner vun der Kierch sinn den hellege Mäerten an d'helleg Véronique.

D'Gebai ass véiereckeg an de Chouer schléisst of mat enger Apsis mat dräi Flächen. D'Kapell am lénkse Säiteschëff ass komplett dekoréiert mat Kassette mat Familljewopen, déi aus der aler Kierch stamen. Den Altor vun där Kapell ass mat engem Tableau vum Lécker Kierchmoler Englebert Fisen (1655-1733) gerëscht, dat d'Ubiedung vun den Hierde weist.