Kierch Schéimerech

Vu Wikipedia
Kierch vu Schéimerech

Uertschaft / Plaz Schéimerech
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Konsekratioun 1704
Koordinaten 49° 40’ 16.9’’ N
      06° 02’ 41’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Schéimerech steet um Kierfecht vu Kielen a gëtt nëmmen nach als Morgue gebraucht.

De 26. Juni 1935 gouf se zesumme mam Kierfecht op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 983 gëtt eng Kierch zu Schéimerech fir d'éischt ernimmt. Si war dem Hl. Andreas geweit. D'Kierch ass am Joer 1562 ofgerappt ginn.

Déi nei Kierch[änneren | Quelltext änneren]

No 1562 ass eng nei Kierch gebaut ginn, déi vu 1688 bis 1693 restauréiert gouf. Am Joer 1905 ass d'Kiercheschëff ofgerappt ginn, just de Chouer an d'Sakristei si stoe bliwwen. Wëll de Kierfecht vu Kielen ëm d'Kierch läit, gëtt de Rescht vun der Kierch haut als Morgue gebraucht.[1]

Kierch vu Bannen[änneren | Quelltext änneren]

An der Morgue steet nach en Altor am Barockstil.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Schéimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. es., 1944. Das unter Denkmalschutz stehende Schönberg: vom Römertempel zur heutigen Friedhofskapelle. Escher Tageblatt 1944, Nr. 108 (10. Mai), S. 4; [1] Nr. 112 (15. Mai), S. 4; [2] Nr. 113 (16. Mai), S. 5. [3] Kuckt och: Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, S. 27 (Aus der Geschicht vu Schéimerech).