Kierch Steeën

Vu Wikipedia
Kierch vu Steeën

Uertschaft / Plaz Steeën
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Baartelméis
Architekt(en) A. Hartmann
Baujoer 1873
Koordinaten 49° 49’ 44.8’’ N
      06° 10’ 07.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Steeën ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Baartelméis, deem säi Fest de 24. August gefeiert gëtt.

Si steet op der Haaptstrooss, dem CR347.

De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Steeën gehéiert ausser der Parkierch vu Steeën och nach d'Kapell vu Folkendeng.

Den Agank vun der Kierch op der Südsäit

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An engem Visitatiounsrapport vu 1570 gouf eng éischt Kéier eng fräi Kapell zu Steeën ernimmt. 1628 gouf déi fräi Kapell als Parkierch vu Steeën uginn.

Déi haiteg Kierch gouf 1873 no Pläng vum Architekt Antoine Hartmann am neogotesche Stil gebaut.

Ënner dem Paschtouer Jean-Pierre Arend (1939-1971) gouf d'Renovéierung vun der Kierch ugefaangen an ënner dem Paschtouer Joseph Schmit weidergefouert. Den 2. Abrëll 1989 ass den Ofschloss vun den Aarbechte gefeiert ginn.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm hänken dräi Klacken:

  • eng grouss zu Éiere vum Häerz Jesu, gegoss 1908 bei der Géisserei Mabilon
  • eng mëttelgrouss zu Éiere vun der onbefleckter Empfängnis vum Maria, gegoss 1904 bei Mabilon
  • eng kleng zu Éiere vum Kierchepatréiner Bartholomäus, gegoss 1821 vum Klackegéisser Perrin

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Steeën – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).