Kierch Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Kierch vu Waasserbëlleg
Parkierch vu Waasserbëlleg (2015)

Parkierch vu Waasserbëlleg (2015)
Parkierch vu Waasserbëlleg (2015)
Uertschaft / Plaz Waasserbëlleg
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Architekt(en)  
Baujoer 1808
Proprietär Gemeng Mäertert[1]
Koordinaten 49° 42’ 51.8’’ N
      06° 30’ 04.9’’ O
De Kiercheraum vum Duxall aus gesinn

De Kiercheraum vum Duxall aus gesinn
De Kiercheraum vum Duxall aus gesinn
Kierchen - Kapellen
D'Kierch zu Waasserbëlleg vun Nordweste gesinn

D'Kierch zu Waasserbëlleg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Mäertert gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Mäerten geweit. Zweete Patréiner ass den hellegen Niklos. D'Kiermes ass deen éischte Sonndeg nom 11. November, dem Namensdag vum hellege Mäerten.

Se steet op der Kräizung vun der Grand-Rue, der N1, an der route d'Echternach, der N10.

D'Kierch ass am barocke Stil gebaut. Vum 12.Joerhonnert bis 1871 war se gläichzäiteg Parkierch vu Waasserbëlleg an Oberbillig. Manternach war bis 1685 a Lelleg bis 1844 och Filiale vun der Par Waasserbëlleg.

Den 22. November 2019 gouf si op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kierch vu Waasserbëlleg stoung op der "Spatz", wou d'Sauer an d'Musel leeft. Bis 1796 war d'Abtei Sankt-Maximäin vun Tréier Kierchenhär a Grondbesëtzer vu Lännereien. Duerch den net optimale geographesche Standuert war déi al Kierch duerch reegelméisseg Iwwerschwemmungen an engem schlechten Zoustand, soudatt 1792 beschloss gouf eng nei Kierch op der haiteger Plaz ze bauen. Allerdéngs sollt et nëmme beim Réibau bleiwen. No der franséischer Annexioun vu Lëtzebuerg 1795, ass dat Joer drop all Eegentum vum Klouschter vun de Fransouse confisquéiert an duerno versteet ginn. Den deemolege Buergermeeschter vu Waasserbëlleg (1797 bis 1807), de Valère de Seyl, huet 1798 déi nei Kierch, déi nach net fäerdeg war, a sengem eegenen Numm gesteet an huet de Bierger erlaabt weider drun ze bauen.

1808 goufen déi éischt Massen dra gehalen. Dëse Joergang steet iwwer dem Haaptportal. 1810 huet de Bierger Seyl déi nei Kierch géint déi al Kierch mam Kierfecht op der „Spatz“, déi am Besëtz vun der Gemeng war, getosch. Dat verfale Gebai gouf ofgerappt, aus dem Grondstéck gouf Bauterrain gemaach a verkaaft.

Den Héichaltor an déi zwéi Säitenaltär goufen 1834 dem Kapuzinerklouschter vu Bernkastel ofkaaft, a si mat dem Schëff iwwer d'Musel op Waasserbëlleg transportéiert ginn. 1877 huet den deemolege Paschtouer Nic. Courth en Harmonium geschenkt.

Bei der Renovéierung vum Duerfzentrum 1930 gouf de Kierfecht, dee bis dohin nieft der Kierch war, baussent d'Uertschaft verluecht. Bei dëser Geleeënheet gouf och 1933 an 1934 un der Kierch selwer geschafft: déi zwéi grouss Tierm an d'Sakristei goufen ugebaut a bannendra sinn d'Arkade mam Querschëff opgeriicht ginn.

D'Niklosklack vu 1771 an d'Martinusklack vun 1844, déi bis dohin an dem klengen Tuerm iwwer dem Haaptportal houngen, sinn 1934 an deen neie Westtuerm opgehaange ginn.

Déi vertikal Pietà

Géint d'Enn vum Zweete Weltkrich huet d'Kierch gréissere Schued erlidden, woubäi d'Kierchefënstere komplett zerstéiert goufen. Bis uganks de 50er Jore war an hirer Plaz einfacht Glas.

1981 ass de Massaltor, den Ambo an de Kredenzdëschelchen, all am Stil vum Haaptaltor, no engem Entworf vum deemolege Paschtouer Bellwald, vum lëtzebuergesche Sculpteur Jean Haler geschnëtzt ginn.

Pietà[änneren | Quelltext änneren]

D'„Pietà Verticale“ ass eng 98 cm héich, 43 cm breet a 25 cm déif Pietà vun engem onbekannte südlännesche Kënschtler. Si ass aus Eechenholz, hannen ausgehillegt, a staamt aus dem 18. Joerhonnert. Si ass eng vun deene wéinegen zu Lëtzebuerg, wou d'Maria steet a kräischt. Dat ass eng typesch Duerstellung vu südeuropäeschen Artisten. Si steet an enger Glasvitrine an der Dafkapell an ass 1999 komplett restauréiert ginn. Et gëtt ugeholl, mä ouni datt e richtege Bewäis besteet, datt si ursprénglech an der aler Kierch op der Spaz stoung.

Héichaltor[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptaltor an déi zwee Säitenaltär, déi mat Barockmotiven dekoréiert sinn, goufe 1748 vun engem Joseph Günster a sengem Gesell Henr. Fischer vun Igel fir d'Kapuzinerklouschter vu Bernkastel gemaach. 1834 huet d'Par Waasserbëlleg dem Klouschter si fir 351,50 Frang ofkaaft. D'Haaptbild ass d'Portiunkula-Erscheinung, déi den hellege Franziskus virum Jesus mam Kräiz an der Maria duerstellt.

Den Tabernakel huet d'Form vun engem Tempel an op béide Säite si Voluten mat Ornamenter a Form vu Muschelen. D'Drauwen an d'Éieremotiver sinn nodréiglech ubruecht ginn.

Klackespill[änneren | Quelltext änneren]

D'Klackespill

D'Klackespill ass 1953 vun der Firma Koninklijke Eijsbouts vun Asten an Holland gebaut an installéiert ginn. Ursprénglech hat et 13 kleng Klacken. 1969 koumen der 5 dobäi. Déi Ulmer Tuermauerefabréck Philipp Hörz huet 2003 eng grouss Revisioun gemaach an op Vollelektronik ëmgestallt. Dat erlaabt et, eng grouss Zuel vu Melodien ze späicheren an turnusméisseg zu alle gewënschten Zäite spillen ze loossen.

Kierchefënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Déi aktuell Kierchefënsteren, déi vun de lëtzebuergesche Kënschtler Gustave Zanter, de Bridder Emile a Joseph Probst, dem François Gillen, an dem Nina a Julien Lefèvre entworf goufen, sinn 1952 agebaut ginn.

Vum François Gillen sinn zwou Fënsteren am Laangschëff; op der Männersäit "Aarbechten am Wéngert" an op der Fraesäit "Samariterin beim Jakobsbur".

Vun der Lefèvre-Koppel stamen déi béid Fënsteren am Quierschëff: "De räiche Féschfank" an "D'Houchzäit zu Kana".

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

Ëm déi Zäit ass de Kräizwee ugeschaaft ginn, dee vum Réimecher Kënschtler Jos Jungblut aus Eechenholz geschnëtzt gouf.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Uergel staamt vun 1902 an hat 22 Regëstere mat pneumatescher Traktur. 1975 gouf se komplett vun der Lëntgener Uergelfabréck erneiert. D'Gehais, dat en agebaut Schwellwierk huet, ass aus schweedeschem Kiferenholz an huet 30 Regësteren, 3 Manualer mat Pedall, 2230 Päifen, eng mechanesch Traktur, eng fest an zwou fräi Kombinatiounen.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Beetebuerger Klack
Klack Gewiicht Grondtoun Gewidmet Opschrëft
Beetebuerger Klack 970 kg RE dièse Hellege Jousef Sancte Joseph, Patronae Ecclesiae Catholicae Ora Pro Parochia Bettemburgensi
Martinusklack 550 kg SOL dièse Hellege Martinus Zu Saarburg gegossen dem Lichte erschlossen aus Altem erkauft Sankt Martin getauft erkling ich zur Ehre des Schoepfers und mehre den Menschen ihr Teil an Segen und Heil
Marieklack 800 kg FA dièse S.Maria Consolatrix Afflictorum Anno Domini 1935 sub regime Papae PII XI. Magnae Ducis Carolae Episcopi Petri Nommesch Pastoris P.Weidert Burgimagistri J.P.Hopp, Incolae de Wasserbillig me fieri fecerunt in Honorem Consolatricis Afflictorum, Patronae Patriae

D'Beetebuerger Klack gouf 1878 an der Géisserei J.Goussel François vu Metz gegoss an houng bis 1948 an der Beetebuerger Kierch. De Paschtouer P. Weidert huet se ofkaaft fir déi am Zweete Weltkrich zerstéiert Niklosklack aus dem Joer 1935 z'ersetzen. Op der Klack steet ausser der Hellegewidmung nach:

MDCCCLXXVII GUILLAUME III ROI GRAND DUC PRINCE HENRI LIEUTENANT DU ROI N 2724
M M LE BARON DE BLOCHAUSEN MINISTRE D'ETAT N SALENTINY P EYSCHEN ET V DE ROBE DIRECTEURS GENERAUX Déi zwou aner Klacke goufen 1935 an der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg gegoss. Bei hirer Fabrikatioun goufen déi zwou al Klacke vu 1771 resp. 1844 mat ageschmolt.

Mäertesskulptur[änneren | Quelltext änneren]

Baussen iwwer dem Haaptportal vun der Kierch ass eng Skulptur aus roudem Sandsteen. Si stellt den hellege Mäerten um Päerd duer am Ament wou e säi Mantel mat engem Heeschemann deelt. Fréier war en laténgesche Chronogramm iwwer dem Portal gemeesselt:
DIVVS MARTINVS HVIVS ECCLESIAE
PERPETVVS PATRONUS
D'Zomm vun den Zuelen ass 1794. Deemno war d'Skulptur scho virun der Mise en service 1808/1810 vun der Kierch fäerdeg.

Series pastorum[änneren | Quelltext änneren]

  1. Joffroi 1349
  2. Georg 1392
  3. Runc Joannes 1393
  4. Ruppert 1570
  5. Georg Mertert 1575
  6. Joannes Trapp 1633–1652
  7. Mathias Faber 1652-1708
  8. Andr. Cariers 1708-1721
  9. J. Guilh. Linckels 1721-1763
  10. J. Conrad Welter 1763-1792
  11. Carolus Lessel 1792-1807
  12. Joannes Prost 1807-1817
  13. Guilhelm Stein 1817-1827
  14. Bern. Ambrosy 1827-1832
  15. J.Mathias Schumacher 1832-1876
  16. Nic Courth 1876-1898
  17. Mich.Jauchem 1898-1921
  18. Mathias Hurt 1921-1935
  19. Petrus Weidert 1935-1948
  20. Petrus Kayser 1948-1971
  21. Joannes Bichler 1971-1976
  22. Aloisius Bellwald 1976-1986
  23. Rogerius Geimer 1986-2016

Series vicariorum[änneren | Quelltext änneren]

  1. Henri Blackes 1936-46
  2. Nicolas Dostert 1941-45
  3. Guillaume Wampach 1946-53
  4. Joseph Wagner 1953-67
  5. René Jungels 1967-71

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Waasserbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier