Kierch Wecker

Vu Wikipedia
Kierch vu Wecker
Kierch vu Wecker (2013)

Kierch vu Wecker (2013)
Kierch vu Wecker (2013)
Uertschaft / Plaz Wecker
Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Servatius
Baujoer 1875
Koordinaten 49° 41’ 45.7’’ N
      06° 23’ 18.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wecker ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Biwer gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Servatius, deem säi Fest den 13. Mee gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.

Se steet am Härebierg, dem CR134. De Kierfecht ass virun der Kierch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Wecker Kierch ass schonn déi drëtt a gouf 1875 gebaut. Déi fréier Kierch stoung méi wäit vir, um haitege Kierfecht. Tëschent 1891 an 1893 goufen 3 nei Altär opgeriicht. Den ale Barock-Altor gouf vun der Gemeng Diddeleng fir d'Lukas-Kapell zu Butschebuerg kaaft.

Vun 1972 bis 1973 gouf d'Kierch komplett restauréiert: D'Niewenaltär an de Priedegtstull goufen erausgeholl, en neien Zelebratiounsaltor gouf aus der Kommiounsbänk gemaach. Den Ambo gouf aus dem Priedegtstull hiergestallt. D'Sakristei gouf vergréissert.

1993 gouf d'Kierch nei ugestrach. Den 11. Mee 1997 huet den Äerzbëschof Fernand Franck den nei-polychroméierten Zelebratiounsaltor konsekréiert, an dobäi Reliquië vun den hellege Märtyrer vun Tréier a vum hellege Willibrord drageluecht. De 17. September 1999 koum den Äerzbëschof nees op Wecker fir zwou nei Klacken ze weien. Zanterhier laude véier Bronzeklacken am Wecker Kierchtuerm.

D'Joer drop, den 9. Juli 2000, ass déi éischt Primiz an der Parkierch vu Wecker gefeiert ginn. Den 1. Juli gouf nämlech ee Wecker Jong, de Joël Santer, zum Priister geweit.

D'Par[änneren | Quelltext änneren]

"Wecker" gouf eng éischt Kéier am Joer 780 als eng "Dépendance" vun der Abtei Iechternach ernimmt.

1570 gëtt eng Kapell ernimmt, déi den hl. Willibrord als Patréiner huet. 1723 war et awer den hellege Servatius. Also muss eng nei Kierch gebaut gi sinn, well nëmme bei engem Neibau de Patrozinium ka gewiesselt ginn. Zanter altershier huet Wecker zur uraler St. Martinus-Par vu Betzder gehéiert, wärend de Garer Quartier een Deel vun der uraler St. Andreas-Par vu Biwer war. Doduerch waren natierlech Konflikter virprogramméiert. De Kaploun vu Wecker (Duerf) huet extra missen entschiedegt ginn, well hien an der Wecker Schoul (am Quartier Gare) Reliounsunterrecht gehalen huet. Déi Wecker Garer si sonndes an d'Wecker Kierch an d'Mass gaangen, hunn awer all hir Sakramenter zu Biwer an der Parkierch empfaangen.

Errichtung vun der selbstänneger Par Wecker[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1875 eng nei Kierch gebaut gouf, sinn déi Wecker 1876 direkt drugaangen, e schéint, stattlecht Kaplounshaus ze bauen, an der Hoffnung, datt Wecker eng eegestänneg Par géif ginn. Et sollt awer bis 1882 dauere bis Wecker zu enger Kaplanei erhuewe gouf an d'Kierch, duerch groussherzogleche Beschloss eng eegestänneg Kierchefabréck krut fir d'Verwaltung vun hire Finanzen.

Den 28. Dezember 1962 huet de Bëschof Léon Lommel Wecker-Duerf vun der Par a vum Dekanat Betzder, an de Quartier Wecker-Gare vun der Par Biwer getrennt. Déi zwéin Uertsdeeler goufe vereenegt an enger selbstänneger Par Wecker, an d'Filialkierch gouf an de Rang vun enger Parkierch mat alle Rechter a Flichten erhuewen. De Garer Quartier, dee sech rondrëm d'Fabréck Duchscher gebilt huet, ass bis dohin op Wecker an d'Mass gaangen, obwuel en zur Par Biwer gehéiert huet. Éischte Paschtouer gouf den Abbé Joseph Gonner, dee sechs Méint virdrun de leschte Kaploun Arthur Peiffer ofgeléist huet, an zum "Seelsorger der zur errichtenden Pfarrei" genannt gouf, am Hibléck op d'Schafung vun der Par. Mat der Schafung vun der Par Wecker konnten déi zwee Duerfdeeler (Duerf a Gare) endlech zesummewuessen.

Während eppes méi wéi 54 Joer war Wecker eng eegestänneg Par, bis si de 6. Mee 2017 (wéi all aner Paren am Land) opgeléist goufen, fir ab dem 7. Mee 2017 an déi nei Par "Musel & Syr St-Jacques" integréiert ze ginn.

Series pastorum vun der Par St. Servatius Wecker a vun der Par Musel & Syr St-Jacques[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Gonner vun Esch-Uelzecht, Paschtouer vu Wecker, 13.01.1963 - 31.08.1967

De Paschtouer Gonner war den éischten a leschte Wecker Paschtouer, deen am Paschtoueschhaus residéiert huet. Wéi hien 1967 op Äischen versat gouf, sollt Wecker keen eegene Paschtouer méi kréien. D'Par Wecker sollt bis 1991 vum Paschtouer vu Betzder matverwalt ginn.

  • Marcel Beck vu Méischdref, Parverwalter vu Wecker, 31.08.1967 - 08.07.1979
  • Nicolas Georges vu Koplescht, Parverwalter vu Wecker, 23.11.1979 - 10.03.1991
  • Paul Emeringer vu Schëffleng, Paschtouer vu Wecker,15.07.1991 - 08.09.2022+

De Paul Emeringer gouf de 15. Juli 1991 zum Paschtouer vu Biwer a Wecker, am Mäerz 1992 zousätzlech zum Paschtouer vu Betzder, an am Hierscht 1992 zousätzlech zum Parverwalter vu Berbuerg ernannt. 2000, wéi d'Parverbänn Maacher a Widdebierg gegrënnt goufen, sollt hien als Paschtouer vu Betzder entflicht ginn. Zanterhier gehéiert Betzder zum Parverband Widdebierg a Wecker, zesumme mat de Pare Berbuerg, Biwer, Gréiwemaacher, Lelleg a Manternach, souwéi d'Filiale Bruch a Weydeg aus der Par Eescheler, zum Parverband Maacher. Moderator waren déi jeeweileg Deche vu Gréiwemaacher, den Alphonse Lichter (2000 - 2003) a Fränz Muller (2003 - 2013), an Zesummenaarbecht mam Paschtouer Paul Emeringer.

  • Claude Bache vun Hueschtert/Nidderaanwen, Dechen & Moderator vum Pastoralteam an zoustännege Geeschtlechen fir Wecker 12.07.2013 -
  • Alain Steffen vu Sandweiler, Paschtouer 12.07.2013 -
  • Guy Diederich vu Käl, Paschtouer 12.07.2013

Geeschtlech, déi aus der Par Wecker stamen[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Birsens scj., gebuer zu Wecker den 1. Mee 1931, zum Priester geweit den 28. Juni 1959. Primiz zu Biwer (deemools huet de Garerdeel nach zur Par Biwer gehéiert). Vun 1977 - 2002 war de Pater Birsens Paschtouer vun Äischen a vun 1992 un och nach Parverwalter vun Habscht an Nojem.
  • Joël Santer

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Wecker – Biller, Videoen oder Audiodateien