Kierchermillen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kiercher Millen)
Kierchermillen
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens
Koordinaten 50° 08’ 17.7’’ N
      05° 58’ 17.4’’ O

Kierchermillen, lokal Kirchermillen, op den topographesche Kaarten als Kiirchermillen ze fannen, ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Ëlwen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchermille läit 1 km südwestlech vu Kierchen, an der Gemeng Ëlwen, am Dall vun der Wolz, wou déi vun der Weierbaach gefiddert gëtt. D'Eisebunnslinn Ëlwen-Gouvy geet direkt do derlaanscht.

D'Millen[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchermille gouf 1331 als Bannmillen am Fräiheetsbréif vun der Fräiheet Beesslek vum Jang de Blannen ernimmt. 1747 war de Georg Finck de Millepiechter. 1790 gouf d'Mille fir 850 Daler un de Johann Pauly vu Mettendorf verkaaft a war vun do u keng Bannmille méi.[1]

Vun 1908 bis 1998 war d'Millen am Besëtz vun der Famill Schmitz-Pauly. 1946 war Schluss mam Muelbetrib. Duerno war se vun 1998 bis 2009 am Besëtz vun enger Stëftung.[1]

Déi nei Besëtzer vun der Millen, d'Famill Weis-Poeker, hu se vum Joer 2009 u restauréiert. D'Plaz vun der Kierchermillen, mat Terrain, Weier an Däich, gouf de 7. Januar 2011 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl[2].

D'Millerad gouf net vun der Wolz ugedriwwen, déi net wäit dovu laanscht leeft, mä mat Waasser aus dem Milleweier, dee vun der Weierbaach gefiddert gëtt. Déi lescht Muelsteng aus Äifeler Sandstee sinn zu Kierchen op der Kräizung vun der Haaptstrooss, an der Strooss déi op d'Kierchermille féiert, opgestallt.[1]

D'original Millesteng an d'Francis-Turbinn (déi éischt Turbinn zu Lëtzebuerg) sinn am Haff vun der Millen opgestallt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierchermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Vgl. Infotafel bei der Millen an zu Kierchen bei de Muelsteng.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).