Kierfmécher

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Kierfmécher bei der Aarbecht

De Kierfmécher ass en Handwierker dee Kierf mécht. D'Kierfmécherei ass en Handwierk dat praktesch ganz ausgestuerwen ass, och zu Lëtzebuerg, wou et fréier vill Kierfmécher gouf, meeschtens an den Dierfer oder a klengen Uertschaften.

Bekannt Uertschafte vu Kierfmécher waren ënner anerem: Biekerech, Hielem, Luerenzweiler an Ouljen. D'Awunner vu Biekerech haten dofir och laang Zäit de Spottnumm Kierfmécher. Am Prisong vum Gronn sinn an der Zäit och Kierf geflecht ginn, fir d'Prisonéier ze beschäftegen.

D'Kierfmécherei gëtt hautdesdaags nach als Hobby bedriwwen, bei deem awer net méi vill mat Weidenäscht geschafft gëtt mä mat Riet.

En héije Stellewäert huet d'Kierfmécherei an der Reeducatioun vu Leit déi un den Hänn blesséiert goufen. Beim Kierfmaache ginn nämlech all Muskelen a Fiese vun der Hand a vum ënneschten Aarm gebraucht. Een Handwierk dat op deem Niveau déi selwecht Uspréch stellt ass de Coiffer.

Wéi d'Kierf gemaach si ginn[änneren | Quelltext änneren]

D'Material[änneren | Quelltext änneren]

De Buedem[änneren | Quelltext änneren]

De Buedem vum Kuerf ze maachen ass relativ einfach. Et brauch een als Geschier just e spatzt a schaarft Messer oder e Cutter. Fir unzefänke brauch een, ofhängeg vum Duerchmiesser vum Buedem, sechs oder aacht Weidenäscht déi méi déck solle sinn, wéi déi déi ee spéider hëlt fir ze Flechten, normalerweis ëm déi 8 Millimeter. Vun deene gëtt d'Hallschent vun der Mëtt aus no zwou Säiten hin souwäit opgespléckt wéi e Plaz brauch fir déi aner 3 oder 4 doduerchzestiechen. Wann dat gemaach ass ginn déi duerch zwéin oder dräi Tier vu méi renge Sträng verschläppt datt se net méi auserneerutsche kënnen. Da ka schonn mam Flechten ugefaange ginn. Fir déi éischt Tier ginn do ganz dënn Äscht geholl fir besser tëscht de Stralen erduerch ze kommen. Soubal wéi den Ofstand vun de Stralen zoueneen et erlaabt ka mat méi déckem Material weidergefuer ginn. Fir datt de Buedem stabil gëtt muss versat geflecht ginn, dat heescht et muss ee mat zwou Reie gläichzäiteg ufänken, woubäi den Ufank vun der éischter Rei ee Stral éischter ufänkt wéi dee vun der zweeter Rei. Domat gëtt da weidergefuer bis een de gewënschten Duerchmiesser erreecht huet. Wann de Buedem e groussen Duerchmiesser huet kënne vun enger gewësser Distanz un, zur Mëtt hin nach Strale bäigefléckt ginn. Dat geschitt doduerch, datt ee laanscht all Stral deen ee schonn huet op all Säit dolaanscht einfach en Aascht dobäi stécht a liicht béit. Sou kritt een dann déi duebel Zuel vu Stralen dobäi.

De Bord vum Buedem an d'Säiten[änneren | Quelltext änneren]

Wann de Buedem um Bord soll ganz stabil sinn gëtt eng Trëtz mat ageflecht. Am anere Fall kann de Bord ofgerënnt sinn, dat heescht d'Montanten, déi Äscht déi an d'Luucht féiere gi lues a lues no uewe gebéit, oder de Bord ka kanteg sinn da ginn dës Äscht praktesch am Senkel eropgebéit. Fir datt se dobäi net solle räissen, a sech liicht béie loossen, musse se gutt naass sinn, an da ginn se mat enger flaacher Zaang zesummegdréckt, fir datt d'Fasere sou gutt wéi méiglech an engem Plang leien, deen ëm 90° säitlech zu der Mëtt vum Kuerf versat ass.

Wann dat bis gemaach ass gëtt weidergeflecht bis een op der gewënschter Héicht ass.

Aarte vu Kierf[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierfmécher – Biller, Videoen oder Audiodateien