Kingston-upon-Hull

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Vereenegt Kinnekräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kingston-upon-Hull
Groussbritannien
Landesdeel: England
Status: Unitary authority
Fläch: 71 km²
Awunner: 249.100 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 3.486 / km²
Geographesch
Koordinaten
:
53° 44’ 39’’ N
      00° 20’ 15’’ W

Kingston-upon-Hull, meeschtens nëmmen Hull genannt, ass eng Stad am Nordoste vun England an eng onofhängeg Grofschaft ("Unitary authority").

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Siidlung beim Zesummefloss vun der Humber a vun der Hull gouf am 12. Joerhonnert vu Patere vun der Zisterzienserabtei Meaux Abbey gegrënnt, fir vun do aus hir Woll op Schëffer ze lueden.

Den 1. Abrëll 1299 krut Hull vum Kinnek Edward I. vun England d'Stadrechter an den Numm Kings Towne on the River Hull. Fir seng Kricher géint Schottland hat de Kinnek en Hafen néideg, dee méi nërdlech läit. Haut ass déi 700 Joer al Charta am Stadhaus ze gesinn. Virun der Neigrënnung goufen d'Siidlung an den Hafen Wyke genannt.

Kuerz virum Ufank vum Englesche Biergerkrich hat de Gouverneur vun Hull sech op d'Säit vum Parlament geschloen, an huet de Kinnek Charel I. vun England net an d'Stad eragelooss, an där e wichtegt Arsenal war. De Gouverneur gouf zum Verréider erkläert an higeriicht. Sou koum et datt d'Belagerung vun der Stad Hull ee vun den Ausléiser vum oppene Konflikt war.

Bréck iwwer d'Humber zu Hull

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kingston upon Hull – Biller, Videoen oder Audiodateien