Kinnekräich Holland

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem historesche Kinnekräich Holland (1806-1810). Fir aner Bedeitunge vun "Holland", kuckt wgl. Holland (Homonymie).
D'Kinnekräich Holland 1806–1810

D'Kinnekräich Holland (nl.:Koninkrijk Holland, fr.: Royaume de Hollande) war den Numm vun den Nidderlanden (Holland) vun 1806 bis 1810. Et goung ervir aus der Batavescher Republik, enger sougenannter Schwësterrepublik, d. h. engem Satellittestaat vum revolutionäre Frankräich. Kinnek vum Kinnekräich gouf e Brudder vum Napoleon, de Louis Bonaparte. Scho véier Joer no senger Grënnung gouf d'Kinnekräich opgeléist, an den Territoire vu Frankräich annektéiert.

De Louis Bonaparte

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kinnekräich Holland gouf de 5. Juni 1806 vum Napoleon Bonaparte als e Satellittestaat, dee vu Frankräich ofgehaangen huet, fir säin drëtte Brudder Louis (an Holland Lodewijk genannt) ageriicht. Den Numm leet sech vun der wichtegster Provënz, Holland, of.

Well de Louis d'Erwaardunge vum Napoléon net erfëlle konnt - hie krut ë. a. d'Kontinentalspär, déi Groussbritannien ekonomesch vum europäesche Festland sollt ewechhalen, net duerchgesat - huet Frankräich am Mäerz 1810 ugefaangen, de Süden z'annektéieren. Fir d'Kinnekräich ze retten, huet de Louis den 1. Juli 1810 ofgedankt. Säi Jong Louis II. gouf awer just fir e puer Deeg säin Nofollger, ier den Napoléon den 9. Juli mam Dekreet vu Rambouillet d'Kinnekräich komplett fir Frankräich annektéiert huet.

No der Defaite vum Napoleon huet den Territoire sech, mat de fréiere südlechen Nidderlanden, zum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden zesummegeschloss.

Trotz der kuerzer Existenz vum Kinnekräich hunn e puer Ännerungen, déi de Louis agefouert hat, nogewierkt: 1808 huet hie seng Regierung vun Den Haag op Amsterdam verluecht; Amsterdam ass haut nach formell d'Haaptstad vun Holland. Hien huet d'Koninklijk Instituut van Wetenschappen gegrënnt an d'Basis vum spéidere Rijksmuseum geluecht. Ausserdeem huet hien d'Positioun vun de Katholicken an de Judde verbessert an 1809 nieft dem Code pénal an engem Handelsgesetzbuch och e Code civil agefouert, eng Mëschung aus dem franséische "Code Napoléon" a spezifesch hollänneschen Elementer.