Op den Inhalt sprangen

Kitty Deville

Vu Wikipedia
Kitty Deville
Gebuer 2. Juni 1932
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. November 2016
Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignante
Member vun Fédération Nationale des Femmes Luxembourgeoises

D'Catherine Madeleine ("Kitty") Deville, gebuer den 2. Juni 1932 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 27. November 2016, war eng lëtzebuergesch Léierin a Fraerechtlerin.[1]

Si war Léierin zu Fenteng, huet dann awer an den 1960er Joren op der Sorbonne an op der Schoul fir Friemsproochen zu Madison (Wisconsin) studéiert, fir dono 33 Joer laang Enseignante op der Europaschoul a vun 1964 bis 1975 op der American School ze sinn.

Si war aktiv am Zonta, war Vizepresidentin an 1982-1983 Presidentin vun der Fédération nationale des femmes luxembourgeoises, an huet d' Children's International Summer Villages mat an d'Liewe geruff.

Si huet sech dofir agesat, datt eng Antenn fir vergewaltegt Frae sollt geschaf ginn, an huet sech fir eng staatlech Konventioun fir de Betrib vun engem Haus fir geschloe Fraen agesat.

Si huet sech 1978 mam Oscar Quaglino bestuet, dee 6 Joer drop gestuerwen ass.

Zu Alzeng gouf eng Strooss no hir genannt.[2]

  • Goldmedail vun der Fondation du mérite européen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Rue Kitty Deville. rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 16.07.2025).
  2. L-5895