Kitzebuer
Ausgesinn
| Kitzebuer | |
|---|---|
| An anere Sproochen |
fr: Kitzebur de: Kitzebur |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Dikrech |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Bob Bintz |
| Koordinaten | 49°47'16,048"N, 6°14'27,830"O |
|
| |
De Kitzebuer ass e Lieu-dit an e Bauerenhaff an der Sektioun Fermes vun der Gemeng Ärenzdall am Kanton Dikrech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kitzebuer läit ronn 2 km nërdlech vum Zentrum vun Hiefenech. Vum CR118 (Fiels – Chrëschtnech) féiert e Wee a Richtung Norde bis bei den Haff.
Fluchfeld Kitzebuer
[änneren | Quelltext änneren]Um Kitzebuer gouf et vun 1988[1] bis 2015 (?)[2] e klengt Fluchfeld mat enger Pist vu ronn 300 Meter fir ULM-Fligeren, dat vun der ASBL Aéroplume Luxembourg bedriwwe gouf.
Bei engem Accident den 20. September 1993 ass de Pilot blesséiert ginn, iwwerdeem den zweete Mann u Bord ëm d'Liewe koum, wéi hire Pendulaire erofgefall ass.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Erstes ULM-Flugfeld in Medernach eingeweiht – Eine neue, begeisternde Sportart wird erwachsen.. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg Nr 152, S. 2 (04.07.1988). Gekuckt de 04.07.2026.
- ↑ (de) FLUGGELÄNDE KITZEBUR Umpflugaktion. 19.08.2015 Nr 34, S. 8. In: Revue, Digitised by the National Library of Luxembourg. Gekuckt de 04.07.2026.
- ↑ (de) Toter bei Absturz eines „Pendulaire” Unfallursache noch ungeklärt.. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg Nr 216, S. 36 (22.09.1993). Gekuckt de 04.07.2026.

