Kivo Van Twist
| Kivo Van Twist | |
|---|---|
|
De Kevin Misci am Museksvideo "Lay Down" (2025) | |
|
| |
| Museksgenre | Gothic Rock, Hard Rock, Classic Rock |
| Grënnung | 2003 |
| Memberen | Kevin Misci |
|
| |
Kivo Van Twist ass de Soloprojet vum lëtzebuergesche Metal- a Rockmuseker Kevin Misci.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Kevin Misci ass de Leadgittarist vun der Rëmelenger Metal-Band Serpent Bite, déi hien 2015 matgegrënnt huet. Als Ergänzung zur Aarbecht mat där Grupp huet hien 2023 de Projet Kivo Van Twist lancéiert.
Den Numm vum Projet kënnt aus senger Kandheet. Wéi de Misci 8 oder 9 Joer al war, hat hie sech e fiktiven Antiheld ausgeduecht, e Vampir mam Numm "Kivo Twist". Doraus gouf "Kivo Van Twist".[1] D'Thematik mat Figuren, Geschichten an der Symbolik vun enger imaginärer Welt mat ënner anerem Vampiren ass zentral beim Projet. D'Lidder behandelen ë. a. Theme wéi Léift, Konflikt, Loyalitéit, Rivalitéit a Revanche. Musikalesch gesinn orientéiert sech Kivo Van Twist u Classic Rock, Hard Rock an och Gothic Rock.
De Projet gëtt vum Kevin Misci zesumme mat senger Famill a Frënn entwéckelt a produzéiert an ass drop ausgeriicht, eng eegestänneg artistesch Identitéit ze schafen, déi Musek an narrativ Konzeptaarbecht verbënnt. Kivo Van Twist gëtt duerch d'Zesummenaarbecht vu ville Museker, Produzenten a Gäscht stänneg weider ausgebaut.
Den 1. Dezember 2023 koum déi éischt Single Time to Realize eraus. De Museksvideo vum Lidd Twilight Tears gouf an den éischte sechs Méint no senger Verëffentlechung um 30. Dezember 2025 ronn 25.000 mol gekuckt.
Room 17 ass déi lëscht Single vum lëtzebuergesche Museksprojet Kivo Van Twist, déi 2026 erauskënnt an d'Thema Anti‑Mobbing behandelt. D'Verëffentlechung entsteet an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Respect Each Other, déi sech fir Opklärung a Preventioun asetzt.
Band a Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]Memberen
[änneren | Quelltext änneren]- Kevin Misci (zënter 2023), Gesang, Gittar, Konzept, Songwriting
- Armin Siemiatkowski, Bass (zënter 2023)
- Daniel Gindt, Batterie (zënter 2023)
- Ricky Pereira, Keyboards (zënter 2024)
- Derek Baker, Lead-Gittar (zënter 2026)
- Tiffanie Joyce, Hannergrondgesang (zënter 2024)
Fréier Museker
[änneren | Quelltext änneren]- David Klein, Lead-Gittar (2025 - 2026)
Gaaschtmuseker
[änneren | Quelltext änneren]- CeLilly, Gesang op Now & Forever (2024)
- Marcel Zimmer, Batterie op The Sorrow (2024)
- John Ambeliotis, Additional Vocals op The Sorrow (2024)
- Mehdi Addi, Lead Guitar op The Sorrow (2024)
- Tommy Misci, Additional Vocals op The Sorrow (2024)
- Noé Steffenmünsberg, Bass op The Sorrow (2024)
- David Misci, Bass op Twilight Tears (2025)
- Leykard, Additional Vocals op Room 17 (2026)
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]Den Tommy Misci vun Unknown Company Productions war fir d'Postproduktioun vun Time to Realize, Lay Down an Twilight Tears verantwortlech. De Maxim Losch vu Redville Studio huet d'Opnam, de Mixing an de Mastering gemaach.
Room 17 gouf fir d'Verëffentlechung 2026 vun engem aneren Team produzéiert. D'visuellt Konzept an de Museksvideo si vum Orunero Studio, wärend Sound of Soul fir de Mixing an de Mastering verantwortlech war.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Singelen
[änneren | Quelltext änneren]- 2023: Time to Realize
- 2024: Never Forget
- 2024: Now & Forever (feat. CeLilly)
- 2024: The Sorrow
- 2024: Masters of Horror (Kollaboratioun tëscht Rocky T. Stairwood, Kivo Van Twist a prodbyRickyP)
- 2025: Lay Down
- 2025: Twilight Tears
- 2026: Room 17
- Cover fir d'Singelen Never Forget (2024)...
- ..an Twilight Tears (2025)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Am Takt: Kevin Misci & Englbrt. rtl.lu (16. Dezember 2024). Gekuckt den 2. Juli 2026.
