Op den Inhalt sprangen

Klaus-Michael Kühne

Vu Wikipedia
Klaus-Michael Kühne
Gebuer 2. Juni 1937
Hamburg
Gestuerwen 23. August 2026
Alter 89 Joer
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Entreprener, Financier
Auszeechnungen Éierendokter, Logistics Hall of Fame

De Klaus-Michael Kühne, gebuer den 2. Juni 1937 zu Hamburg, a gestuerwen den 23. August 2026, war en däitschen Entrepreneur, Mäzeen a Sponsor. Hie war, iwwer d'Kühne Holding AG majoritären Aktionär vun der Logistik-Grupp Kühne + Nagel, déi en zu engem groussen Deel mat opgebaut huet, an déi zu de gréisste Logistikentreprisen op der Welt zielt. D'Holding huet och Parte vun der Hapag-Lloyd AG, der Lufthansa AG[1], der Brenntag SE[2], vu Flix SE[3], der Pharma-Entrprise Aenova Group[4], der HSV Fußball AG & Co. KGaA, an aneren.

D'Kühne-Stiftung, déi en 1976 mat sengen Eltere gegrënnt huet, engagéiert sech an de Beräicher Logistik, Medezin, Klima a Kultur. Dozou gehéiert d'Businessschool Kühne Logistics University (KLU) zu Hamburg an zu Ho-Chi-Minh-Stad an e Medezincampus zu Davos mat Fuerschungsprogrammer an der Allergologie an an der Kardiologie. Och d'Elbphilharmonie, d'Hamburgische Staatsoper an d'Opernhaus Zürich kréie Subside vun der Stëftung, déi och den Haaptsponsor vun de Salzburger Festspiele an dem Lucerne Festival ass.[5]

Statista no hätt de Kühne e Verméige vu ronn 38,9 Milliarden Dollar (Stand 2025), wat hien zum zweeträichsten Däitschen hanner dem Dieter Schwarz méich.[6]

Zu Conter, wou Kühne + Nagel eng Logistikdependance huet, gouf eng Allee nom Klaus-Michael Kühne genannt.[7]

 Commons: Klaus-Michael Kühne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Milliardär Kühne kauft Lufthansa-Aktien vom Staat. spiegel.de, 14. 09.2022.
  2. Milliardär Kühne stockt Anteil an Brenntag auf., manager-magazin.de, 01.09.2023.
  3. Dominic Berner: Kühne steigt im großen Stil bei Flixbus und Flixtrain ein, abendblatt.de, 04.07.2024
  4. {Pharma-Auftragsfertiger Aenova geht an Milliardär Kühne. handelsblatt.de, 24.04.2024
  5. Förderschwerpunkte, op kuehne-stiftung.de.
  6. Dieser Hamburger ist jetzt der reichste Deutsche.t-online.de.
  7. L-5326; Lokalisatioun op geoportail.lu.