Klaus Kinkel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Klaus Kinkel
Klaus Kinkel CJD Koenigswinter 2005.jpg
Gebuer 17. Dezember 1936
Metzingen
Gestuerwen 4. Mäerz 2019
Sankt Augustin
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen, Friedrich-Wilhelms-Universitéit, Universitéit vu Köln, Gymnasium Hechingen
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Freie Demokratische Partei
Member vun Akademische Verbindung Guestfalia Tübingen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Klaus Kinkel, gebuer de 17. Dezember 1936 zu Metzingen a gestuerwen de 4. Mäerz 2019 zu Sankt Augustin, war en däitsche Politiker (FDP) a Jurist.

Hie war vun 1979 bis 1982 President vum Bundesnachrichtendienst, vun 1991 bis 1992 Federale Minister fir Justiz, vun 1992 bis 1998 Ausseminister a vun 1993 bis 1998 Vizekanzler.

Vun 1994 bis 2002 war hien Deputéierten am däitsche Bundestag, wou hie vun 1998 bis 2002 Vizepresident vun der der FDP-Fraktioun war.

Vun 1993 bis 1995 war hien och nach President vun der FDP.

Dono war hie Member oder President vun enger ganzer Rëtsch gesellschaftlech engagéierte Vereenegungen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Bewegte Zeiten für Europa! In: Caroline Y. Robertson-von Trotha (Hrsg.): Europa in der Welt – die Welt in Europa. (Kulturwissenschaft interdisziplinär, Bd. 1). Nomos, Baden-Baden 2006, ISBN 3-8329-1934-1.
  • Klaus Kinkel (Hrsg.): Grenzenlose Leistung – Die deutsche Einheit und der Einsatz der Telekom beim Aufbau Ost. Deutsche Verlagsanstalt, München 2014, ISBN 978-3-421-04670-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klaus Kinkel – Biller, Videoen oder Audiodateien