Klaus Tschütscher

Vu Wikipedia
Klaus Tschütscher
Gebuer 8. Juli 1967
Grabs
Nationalitéit Liechtenstein
Educatioun Universitéit St. Gallen
Aktivitéit Politiker

De Klaus Tschütscher, gebuer den 8. Juli 1967, ass e liechtensteinesche Jurist a Politiker.

No sengem Droits-Studium zu Sankt Gallen huet hien ë. a. am juristeschen Déngscht vun der Steierverwaltung geschafft. Hien ass Member vun der Vaterländische Union (VU). Hie war vum 25. Mäerz 2009 bis de 27. Mäerz 2013 Regierungschef vu Liechtenstein, an ausserdeem zoustänneg fir d'Ressorte Finanzen, Famill a Chancëgläichheet.

Bei de Parlamentswalen 2013 huet hien net méi kandidéiert.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • CV (PDF; 507 kB)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten