Klengt Matterhorn

Vu Wikipedia

D'Klengt Matterhorn, op Däitsch Klein Matterhorn ass e spatze Bierg an de Schwäizer Alpen am Kanton Wallis uewerhalb vun Zermatt, deen 3.883 Meter héich ass.

Eng Pendelkabinn verbënnt den Trockner Steg mam Klenge Matterhorn. D'Kabinn kënnt op 3.820 m un. Duerch en Tunnel kënnt e bei den Ufank vun der Schipist um Gletscher.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

An der Gare op der Spëtz ass e klenge Picknickraum mat Snackméiglechkeet, an am Tunnel ass Plaz fir d'Schnéifräsen.

Aussiichtspunkt op der Spëtz[änneren | Quelltext änneren]

Am Tunnel huet een d'Méiglechkeet duerch e Säitentunnel bei ee Lift ze kommen, deen een op e kënschtleche Plateau féiert, op deem Eisenkonstruktioune mat Gelänner an Trapen et erlaben, bis op d'Spëtz vum Klenge Matterhorn op 3.883 m erop ze kommen. Dëse Punkt ass den héchste Punkt an Europa, dee mat enger Kabinn erreechbar ass. Déi gutt Vue vun dësem Punkt aus, ass e Magnéit fir vill Touristen déi zu all Joreszäit dohi kommen. Aussiichtstafele weisen den Touriste water Bierger se kënne gesinn.

Gletscherhiel[änneren | Quelltext änneren]

Um Schnéiplateau um Gletscher bei der Spëtz vum Klenge Matterhorn ass an de spéiden 90er Joren eng Hiel an d'Gletscheräis geha ginn. Mat Hëllef vu schwéierem Geschier gouf e Stolle gegruef. Do kann een eng kleng Kapell, a méi ënnen op engem ënnerierdeschen Äisplateau Skulpture gesinn. Haaptmotto vun der Ausstellung ass d'Theema "Wäin". D'Entrée an d'Hiel ass gratis. Um Buedem leie Matten, soudatt een och mat Schiischong net ausrutsche kann. Besonnesch un der Hiel ass, datt eng natierlech Gletscherspléck zoufälleg fonnt gouf. D'Spléck konnt laang Zäit besicht ginn, ass awer elo fir d'Publikum gespaart.

Schipisten[änneren | Quelltext änneren]

Am Wanter geet eng eenzeg rout Schipist vum Gletscher fort. Den ieweschten Deel ass flaach an einfach ze fueren. Um Gletscher selwer ass méi ee géie Passage deen awer liicht ze packen ass. Am Summer funktionéiert e Schleeflift, deen op de Gobba di Rollin (3899) geet, direkt beim Ausgank vum Tunnel. Do kënnt een op den definitiv héchste Punkt an engem markéierte Schigebitt.

Pläng fir d'Zukunft[änneren | Quelltext änneren]

D'Zermatter Biergbunnen hunn no hirer Fusioun am Joer 2003 de Plang entworf, Zermatt nach méi intressant fir den Tourismus ze maachen. Si wëllen eppes bidden, bei deem keen anert Schigebitt mathale kann, a plangen um Klenge Matterhorn eng Glaspyramid ze bauen, déi ronn 120 m héich soll sinn. D'Zil ass, sou kënschtlech e 4.000er ze kreéieren. Sou kann een den Touristen ubidden als eenzeg Destinatioun an Europa mat enger Kabinn e 4.000er z'erreechen. Trotz vill Kritik vun Ëmweltschützer soll am Summer 2007 mam Bau ugefaange ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klengt Matterhorn – Biller, Videoen oder Audiodateien