Klerus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mat Klerus (gr. κληρος - klerós; Lous, Undeel) beschreift een d'Totalitéit vum Paschtouerstand (Kleriker) vun enger Relioun. Och wann een domat gréisstendeels d'Geeschtlech vum Chrëschtentum mengt, sou gëtt de Begrëff awer och fir all aner Relioune benotzt.

Prinzipiell kann een nëmme vun engem Klerus schwätzen, wann et an enger reliéiser Gemeinschaft eng Grupp vu Leit gëtt, déi duerch hir Funktioun iwwer den anere Gleewege steet, wéi e Paschtouer, e Bëschof asw.

De Klerus këmmert sech normalerweis ëm bestëmmte Ritualer (Daf, Beschneidung...) am Kader vun der Relioun, si léieren an hëllefen hir Relioun ze verbreeden.

Klerus am Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

De sekuläre Klerus[änneren | Quelltext änneren]

E Kleriker ass an der orthodoxer, kathoulescher, anglikanescher an al-kathoulescher Kierch e geweihten Amtsdréier. D'Kierchenamt bedeit an dësem spezielle Sënn, datt eng Persoun (orth. a kath.: e Mann) eng vun den dräi Stufe vum Weihesakrament krut.

Sekulär Kleriker sinn domat:

En anglikanesche Paschtouer

No engem fréiere kathoulesche Kiercherecht (bis 1972) gouf ee schonn duerch d'Tonsur an de Klerus opgeholl. Dës konnt evtl. souguer laang virun irgendenger Weihe erdeelt ginn, zum Beispill u Seminaristen. Als Virstufen zu der Diakonweihe ware bis dohin och verschidden nidder Weihen ze duerchlafen, déi et an den Ostkierchen zum Deel haut nach gëtt. Historesch gesinn hunn och d'Minoriste schonn zum Klerus gezielt, mä haten awer deelweis net déiselwecht Rechter a Flichte wéi d'Majoristen. Nidder Weihe féieren no haitegem kathoulesche Recht net méi automatesch dozou, datt déi Persounen zu de Kleriker gezielt ginn.

Fir d'Unerkennung an an tëscht de verschiddene Kierche war de Gedanke vun der apostoulescher Successioun vu Bedeitung, d. h. datt d'Bëschofsamt ouni Ënnerbriechung zanter dem Jesus Christus a sengen Apostele weidergi gouf.

Eng bestëmmt Kleedung (Talar, Soutane, Kamilavka ...) a Frisur (Tonsur, Baart, Trëtz...) si am Brauch a kënne jee no Konfessioun variéieren. An der Mass hunn d'Kleriker an der Regel eng speziell Liturgesch Kleedung un.

Zu de wesentleche Rechter a Flichte vum Klerus ziele folgend Punkten :

  • Gehorsamspflicht géintiwwer vun de kierchleche Virgesetzen (a.d.R. vum Bëschof): De Gehorsam bezitt sech op d'Amtspflichten; d'Privatliewen ass nëmme betraff, wann et ëm "standesgemässt Verhale" geet. D'Rechtsverhälntis vum Kleriker zu der kierchlecher Organisatiounseenheet, déi iwwer im steet (Diözes etc.) nennt een an de westleche Kierchen Inkardinatioun, an den ëstleche Kierchen Askriptioun.
  • Geeschtlechen Déngscht: Haaptaufgabe vun de Kleriker sinn d'Wuertverkënnegung an d'Spende vun de Sakramenter. Fir verschidden Ämter gëtt et ausserdeem eng Residenzflicht. Nieft der Séilsuerg an dem Gottesdéngscht kënne Kleriker awer och administrativ, wëssenschaftlech, schoulesch, sozial, kulturell an aner kierchlech Aufgaben erfëllen.
  • Zölibat: An der westlecher kathoulescher Kierch sinn Diakonen (ausser si ware scho virdru bestuet), Paschtéier a Bëscheef verflicht, am Zölibat ze liewen. Vum Zölibat entbanne (Dispens) kann nëmmen de Poopst. An der anglikanescher an an der alkathoulescher Kierch gëtt et kee Flichtzölibat fir Kleriker.
  • Liewenswandel a Perséinlechkeet: E Kleriker soll e Virbild fir déi aner Chrëschte sinn, a säi Liewen och deementspriechend liewen. Et gëtt och bestëmmte Gottesdéngscht- a Gebietsverpflichtunge fir Kleriker (zum Beispill d'Stonnegebied). Déi jeeweileg Ufuerderungen hänken awer och staark vun de konkreten Aufgabe vum Geeschtlechen an den Traditioune vu senger Communautéit of.
  • Recht op Ënnerhalt a Versuergung: haiteg Kleriker gi meeschtens vun hirem Déngschthär bezuelt. An anere Länner, wéi zum Beispill an Däitschland, gëtt et zousätzlech eng Kierchesteier. Historesch huet d'Versuergung vum Klerus eng grouss Roll gespillt, sou zum Beispill duerch speziell Steiere wéi den Zéngten.
  • Gesellschaftlech Privilegien: De Klerus hat an de vergaangene Joerhonnerte gewësse Privilegien. Am Frankräich vum Ancien Régime hunn d'Kleriker zum Beispill verschidde Steieren net misse bezuelen, a si haten hir eege Geriichter. An Däitschland mussen d'Kleriker kee Wehrdéngscht leeschten.

De reguläre Klerus[änneren | Quelltext änneren]

E Mönch a sengem Skriptorium

De reguläre Klerus ass déi Partie, déi seng enger Regel ënnerworf huet, an net an der Welt mä zréckgezunn an engem Klouschter oder enger Abtei lieft. An der ëstlecher kathoulescher Kierch an an der Orthodoxie ginn si als eegene geeschtleche Stand gezielt (zesumme mat den Eremiten, de gottgeweite Jongfraen an de Witfraen), déi weder zum Klerus, nach zu de Laien zielen. An der réimesch-kathoulescher Kierch huet dëst bis zu der Reform vum Kiercherecht 1983 dem Codex Iuris Canonici geglach, obwuel et net genee definéiert war. Gläichzäiteg gouf et an de sougenannte Paschtéierorden, bis zum Vatikan II. eng strikt Trennung tëscht de Laiebridder an de Kleriker, déi d'Weih kritt haten, an dat a villen Hisiichten (eege Gebiedszäiten, Aarbechtsorganisatioun, Zougang zu Bicher etc.). Haut gëllen Uerdensleit entweder als Laien oder als Kleriker, jee nodeem, ob si d'Diakon- oder d'Priisterwei empfaangen hunn, oder net. Gläichzäiteg ass déi ënnerschiddlech Behandlung vu Laien a Paschtéier an den Uerde gréisstendeels ofgeschaf, och wa jee no der kiercherechtlecher Konstitioun vum Institut (klerikal oder laikal) ëmmer nach verschidden Ämter nëmme fir Geweiten zougänglech sinn.

Roll an der Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

An de reliéis organiséierte Gesellschaftsuerdnunge vum europäesche Mëttelalter, an deene Kierch a Gesellschaft eng Eenheet waren, war de Klerus och gesellschaftlech eng besonnesch Grupp, e sougenannte Stand. Als Haaptaufgab vum Klerus gouf et nom Versteestemech an der mëttelalterlecher Weltuerdnung d'Suerg fir d'Séilenheel vun de Gleewegen, also der Allgemengheet. Wann een zum Klerus gehéiert huet, hat e verschidde Rechter (sou wéi den Zéngten) a Flichten (sou wéi den Zölibat). Bis an d'Neizäit hat besonnesch den héije Klerus - ähnlech wéi den Adel aus dem d'Majoritéit vum héije Klerus komm ass - verschidde Privilegië géintiwwer vun den einfache Bierger a Baueren (Drëtte Stand). Mat der Opklärung, dem Biergertum wat ëmmer méi staark no der Franséischer Revolutioun ginn ass, der Säkularisatioun, den antiklerikalen a laizistesche Bewegungen a Gesellschaftsmodelle vum 19. Joerhonnert, der Trennung vu Kierch a Staat, an dem Opkomme vun demokratesche Gesellschaftsformen, huet d'soziologesch Sonnerstellung vum Klerus gréisstendeels u Bedeitung verluer. Als eng eege Gesellschaftsschicht existéiert de Klerus am modernen Europa praktesch net méi.

Juddentum[änneren | Quelltext änneren]

Jiddesch Rabbien

Am ale Juddentum gouf et e Paschtouerstand, déi als Kohanim bekannt waren; all Member dovun, e Kohen, hat Aufgabe vun engem Paschtouer déi en haaptsächlech am Tempel vu Jerusalem ausgefouert huet. Zanter der Zerstéierung vum Tempel vu Jerusalem duerch d'Réimer war hir Roll reduzéiert.

Zanter dëser Zäit huet de Klerus vum Juddentum aus de Rabbië bestanen. Rabbis sinn awer net wéi eis Paschtéier en Tëschestéck tëscht Gott an de Mënschen, mä "Schoulmeeschter". Rabbi ass kee Beruff deen en an der Tora erëmfënnt; fir d'éischt Kéier ernimmt gi si an der Mischna. De moderne Rabbi huet sech an der Ära vun den Talmud entwéckelt. D'Rabbien hunn d'Autoritéit, d'jiddescht Gesetz an d'Traditiounen z'interpretéieren. E Mann ka Rabbi ginn, nodeem hien e laange Léierprogramm vun Tora, Tanakh, Mischna an Talmud, Midrasch, jiddescher Ethik a jiddeschem Gesetz, Theologie a Philosophie gemaach huet.

Zanter dem fréie Mëttelalter koumen och d'Hazzan dobäi.

Buddhismus[änneren | Quelltext änneren]

Jonk buddhistesch Mönchen aus dem Tibet

Den urspréngleche buddhistesche Klerus waren Sanghas, engem Uerde vu Mönchen an Nonnen, dee vum Gautama Buddha zu Liefzäiten am 5. Joerhonnert v. Chr. gegrënnt gi war. Dës Mönchen an Nonnen hu sech un de Patimokkha gehalen, engem strikte Code vun Aarmut an Disziplin. A modernen Zäiten huet sech d'Roll vum buddhistesche Klerus jee no Land anescht entwéckelt. A Korea, Japan an deelweis am Tibet kënne sech buddhistesch Paschtéier bestueden, wat laut dem Patimokkha verbueden ass. Anerersäits hu Länner, déi den Theravada Buddhismus praktizéieren - Thailand, Burma a Sri Lanka - eng méi konservativ Vue op d'monastescht Liewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klerus – Biller, Videoen oder Audiodateien