Märjendaller Klouschter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Klouschter Mariendall)
Märjendaller Klouschter
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Koordinaten 49°42'34,5"N, 6°3'39,0"O
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 13. Joerhonnert
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Kaart vum Klouschter (1785)
Ofgerappt Gebaier (1825)
Ier d'Sanéierung ofgeschloss war (2005)

D'Klouschter Märjendall läit an der Uertschaft Mariendall, am Äischdall, am Nordoste vun Aansebuerg an der Gemeng Helperknapp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Theodoric, Här vu Miersch an Truchsess vun der Ermesinde, huet d'Klouschter fir adleg Jofferen 1232[1] mat enger Landschenkung gegrënnt (en huet d'Land extra dofir vun der Abtei Sankt Maximin Tréier kaaft). Déi alleréischt Fraen hunn do no Beginenaart gelieft, bis datt 1236 d'Stroossbuerger Dominikanerinnen zwou Schwëstere geschéckt hunn, wuel op Bedreiwe vum Walter vu Meesebuerg dee selwer Dominikaner war. Eng vun deene Stroossbuerger Schwësteren, d'Margareta, blouf do a gouf déi éischte Priorin. Op där lo "Marienthal" genannter Plaz hunn d'Schwëstere vun do un no der Augustinerreegel gelieft a stoungen dem Heechuerde vun den Dominikanerinnen no. D'Gemaier waren dunn nach net ganz fäerdeg an d'Diech ware just mat Gënz gedeckt. 1248 huet de Poopst Innozenz IV. d'geeschtlech Leedung dem Dominikaneruerde vun der däitscher Provënz iwwerdroen[2],[3].

D'Klouschter dat am Ufank nach ganz aarm war huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweet Priorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen (Lännereien,...) vun de Grofe vu Veianen (aus deenen hirem Haus d'Yolanda koum) a vu Lëtzebuerg (an deenen hier Grofschaft d'Klouschter louch) huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut (1296 war se fäerdeg a gouf geweit), vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Ënner dem Altor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.

1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a Keeser Heinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun der Dominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen[4]. 1636 koumen den Drëssegjärege Krich an d'Pescht, sou datt d'Gemeinschaft bal komplett ausradéiert gouf, just sechs jonk Nonnen hunn iwwerlieft, mee op Ufro beim Poopst koum dunn eng kleng mee héichgestallt Verstäerkung vun Augsburg an d'Klouschterliewe konnt ënner där hirer Leedung virugoen. D'Marie-Reine Elisabeth, Gräfin vun Daun a Priorin vu 1661 bis 1681, huet net nëmmen dat lénkst Säiteschëff vun der Klouschterkierch baue gelooss, mee baussent de Märjendaller Maueren nach den Dominikanerinnen hiren Ënnerdaach an der Stad, d'Parkierche vun Tënten, Uewerpallen, Biekerech, Frellen a Recken. D'Marie-Catherine de Manteville, Priorin vu 1709 bis 1740, huet dat bis dohi baufällegt Klouschter nei opbauen an erweidere gelooss[5] an huet och de Klaushaff um Bierg vum Klouschter geschaaft, grad ewéi d'Parkierche vu Réissech, Tarchant, Rammerech, Woulker, Sterpenech, Réisseng, Gierleng an Habergy. 1751 krut d'Klouschter d'Recht, just nach Jofferen opzehuelen déi véier Generatiounen adelegt Blutt opweises haten[6].

Wéi Lëtzebuerg dunn am 18. Joerhonnert un Éisträich gefall ass, huet de Joseph II. 1783 all déi kontemplativ Uerden als onnëtz opgeléist, wou och de Mariendall drënner gefall ass[7]. D'Nonne kruten eng kleng Rent déi net duergoung fir ze liewen an hu versicht, wann dat méiglech war, bei Famill ënnerdaach ze kommen, mee vereenzelter hate keng Wach an hunn nach méi laang an den Iwwerreschter vum Klouschter gehaust. D'Miwwel vum Klouschter sinn zu Gonschte vun der staatlecher Reliounskees verkaaft ginn, mee verschidde Sakralmiwwel goufen zeréckkaaft a si sou erhale ginn: Den Haaptaltor mat der Uergel koum op Jonglënster, déi zwee grouss Säitenaltär op Steesel, den drëtte Säitenaltor an de Stadgronn, de véierten op Tënten, d'Kanzel op Conter an d'Ställercher op Branebuerg. De Paschtouer Hostert weess och opzeziele wou eng sëllege Statuen a Reliquien hikoumen[8]. An d'Gebaier selwer koum als éischt e Militärspidol dran[9]. Nodeems datt d'Herzogtum Lëtzebuerg vun de franséische revolutionären Truppe besat gouf, ass d'Klouschter 1795 als Nationalgutt verkaaft ginn, mee direkt nodeems Lëtzebuerg als Groussherzogtum nees operstanen ass, huet de Staat et 1815 erëmkaaft. 1824 sinn eng Rëtsch Gebaier ofgerappt ginn, verschidden Dunne sinn am Walfer Schlass verbaut ginn. De klengen Haapttrakt mat senger Barockfassad ass awer erhale bliwwen, grad wéi eng kleng Wunneng, en Deel vun engem Säitefligel, d'Piechterhaus, d'Millen a Wirtschaftsgebaier. D'Famill Neyen huet alles tëscht 1830 an 1840 an e Landsëtz ëmbaue gelooss. 1868 ass et un de Grof vun Aansebuerg verkaaft ginn[1][6].

1883 huet de Grof Friedrich Mathias von Spee de Klouschterterrain mat de Gebaier kaaft, well e wëlles hat, do Dominikanerpateren unzesidelen[10]. Deenen hat et net do gefall a sou gouf et 1890 alt nees verkaaft, déi Kéier un déi Wäiss Pateren. Am Oktober vun deem Joer sinn déi éischt Bridderkandidaten an de Märjendall erageplënnert, déi do zu Missionnairë fir d'Kolonië forméiert sollte ginn. Obschonns 1894 zu Tréier en neit Klouschter fir d'Formatioun vu Paterepostulante gegrënnt gouf, hunn déi Wäiss Pateren och de Märjendall bäibehalen. Si hunn och déi nei Kierch baue gelooss.

Am Zweete Weltkrich war et 1940 fir en ettlech Flüchtlingen aus de Géigende vun der Frontlinn en Daach iwwer dem Kapp[11]. 1941 hunn d'Nazien d'Klouschter requisitionéiert fir do en Ëmerzéiungsheem fir Bouwen dranzesetzen. Duerno kruten déi Wäiss Pateren et nees zeréck[6].

1974 goufen d'Gebaier vum Lëtzebuerger Staat fir 12 Millioune Frang kaaft an 1977 krut de Service national de la jeunesse se zur Verfügung gestallt[12]. Eng Zäitlaang war an de Weieren am Gaart eng kleng Frellenziichterei.

1999 huet de Staat och de Bauerenhaff nieft dem Klouschter kaaft a vun 1999 bis 2010 goufen Asylanten do ënnerbruecht.

D'Plaz gouf mat alle Gebaier den 13. September 2002 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl[13]. 2008 gouf e Gesetz gestëmmt iwwer d'Renovatioun vum Klouschter fir 22,6 Milliounen Euro. No der kompletter Renovatioun, déi 2010 ugefaange gouf, goufen d'Gebaier den 8. Juli 2016 als Centre de jeunesse Marienthal offiziell nees opgemaach[14].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Sougenannte Yolanda-Tuerm (2016)

Yolanda-Tuerm[änneren | Quelltext änneren]

De sougenannte Yolanda-Tuerm läit op der lénkser Säit vun der Äisch an ass haut mam Klouschterterrain iwwer eng schmuel Bréck verbonnen. Trotz sengem Numm, dee wuel eréischt no 1932 opkoum, huet en awer glat a guer näischt mat der fréierer Priorin Yolanda aus dem 13. Joerhonnert ze dinn: eventuell gouf et Virgängerbau am 15.17. Joerhonnert, den haitege Bau awer ass aus dem 18. Joerhonnert mat Verännerungen an der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert[15].

Am 18. Joerhonnert war den Tuerm en Deel vun engem Klouschterflillek, deen iwwer d'Äisch gaangen ass. De schmuelen an deierleche Bréckebou deen haut iwwer der Äisch ze gesinn ass, hat nach zwee Schwësterbéi, an dorop stoung en een- oder zweestäckegen Trakt, dee wuel als Kichen, Wäscherei an/oder Toilette gedéngt huet. Well d'Bréckeverwëllef net onënnerbrach war – mee aus dräi Stécker bestanen huet – konnt een ouni Problemer do Offall- an Toilettelächer drabauen. Den Tuerm war en Trapentuerm, deen et erméiglecht huet fir op déi lénks Säit vun der Äisch erofzeklammen, wou e Gaardenterrain an e Wäschbuer waren[15].

1824-1836 huet de Jean Nicolas Neyen-Petit aus dem Tiermchen e pittoreske Belvedere maache wollen. Déi stenge Wendeltrap bannen am Tuerm ass ofgebrach ginn an en Tëschebuedem ass agebaut ginn. Uewe koume Spëtzbéi dra fir Luucht eranzeloossen. Ganz uewe war en Dauweschlag dee just iwwer eng Leeder erreecht konnt ginn. Duerch eng nei Klapp am Buedem ass een an déi nei Tëschenetage komm. Duerch en zeltfërmegt Deckeverwëllef an den Abau vu vill méi ale Konsolen an engem Schlosssteen – déi vu sossanzwousch koumen – sollt e mëttelalterlechen Androck entstoen[15]. Dëse phantasievollen Ëmgank mat der Geschicht war en Ausdrock vun der Mëttelaltergegeeschterung vum Besëtzer Nicolas Neyen a sengem Brudder Auguste Neyen, net ëmsoss huet de Lambert-François Picard an engem Bréif un de Grof vun Aansebuerg déi zwéi mat enger Pouz Humor als Barbare bezeechent[16]. 1836 krut de Bréckerescht och seng Träppleker.

2004-2006 huet den Daach vum Tiermche misse sanéiert ginn. Et gouf versicht, sech un ale Fotoen an un den Tiermercher vum Schëndelsser Schlass z'orientéieren, déi awer och eréischt aus dem 19. Joerhonnert sinn. Dobäi koum déi gëlle Spëtzt[15].

2006 koum e Chrëschtdagstimber vum Tuerm eraus, en Aquarell vum Michael Demart deen den Tuerm an enger verschneiter Wanterlandschaft weist[15].

Klouschterkapell[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier Klouschterkapell vun de Wäisse Pateren, déi der Rousekranzkinnigin geweit war, ass an der Tëschenzäit sekulariséiert ginn, a gëtt hautdesdaags als Festsall benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Märjendaller Klouschter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1232 – Mariental – 1932, in: Luxemburger Wort vum 8. Februar 1932
  2. Heinz, Das Yolanda-Epos (um 1290) als frömmigkeitsgeschichtliches Zeugnis, in: Hémecht, 1991 Heft 2, S. 92
  3. Beitrag zur Geschichte des Frauenklosters Marienthal bei Ansemburg, in: Hémecht, 1895, S. 276
  4. Joseph Reuter, Die Dominikaner in Luxemburg, in: Hémecht, 1968, Heft 1, S. 11
  5. R.-M. Staudt a Jos. Reuter, Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Diözese Luxemburg, in: Hémecht, 1935, Heft 1, S. 16
  6. 6,0 6,1 6,2 Guy Thewes, Rezensioun vum Marc Schoellen sengem Marienthal/Märjendall/Mariendall/Val-Sainte-Marie. Spurensuche in einer vielschichtigen Kulturlandschaft Luxemburgs, 2017, op recensio.net
  7. Danielle Wilhelmy, Verjagt? Ein historiographischer Überblick zur Forschung zu den Klosteraufhebungen unter Joseph II. und der französischen Revolution im ehemaligen Gebiet des Herzogtums Luxemburg und des späteren Département des Forêts (1783-1798), in: Hémecht 2014, Heft 3, S. 411-419
  8. Michel Hostert, Beitrag zur Geschichte des Frauenklosters Marienthal bei Ansemburg, (Fortsetzung), in: Hémecht, 1895, N° 11, S. 306-308 a Schluss, in: Hémecht, 1895, N° 12, S. 340-342
  9. Danielle Wilhelmy, Die letzten Dominikanerinnen des Marienthals. Eine kultur- und sozialgeschichtliche Fallstudie zu den josephinischen Klosteraufhebungen in den österreichischen Niederlanden 1783-1792, onverëffentlecht Masteraabecht, Lëtzebuerg 2012, S. 71
  10. Jean Malget, Reichsgraf Friedrich Mathias von Spee (1852-1892) und das in Marienthal geplante Dominikanerkloster, in: Hémecht, 2012, Heft 2, S 105-118
  11. Luss Heyart, Das Kloster Marienthal und seine Geschichte, 2001 (Extrait)
  12. Nonnen, afrikanische Väter und ein Haufen Kinder op wort.lu vum 8. Juli 2016
  13. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  14. "Inauguration du Centre de jeunesse Marienthal." Communiqué op gouvernement.lu, 08.07.2016 (15:00).
  15. 15,0 15,1 15,2 15,3 15,4 Marc Schoellen, Marienthal/Märjendall/Mariendall/Val-Sainte-Marie. Spurensuche in einer vielschichtigen Kulturlandschaft Luxemburgs, 2016, Service national de la jeunesse
  16. Bréif vum 4. August 1844 vum Lambert-François Picard un de Grof vun Aansebuerg: " Le Docteur Neyen est bien le frère de notre voisin de Marienthal, et bien plus ostrogoth que lui.", Archiv Aansebuerg (ANL), A 68