Knéi

De Knéi ass den Deel vum Kierper vum Mënsch a ville Mamendéieren, deen den ieweschten an ënneschten Deel vum Bee matenee verbënnt.[1][2]
De Knéi am mënschleche Kierper
[änneren | Quelltext änneren]D'Knéigelenk (op Latäin: Articulatio genus) besteet u sech aus zwee Deelgelenker: engem tëscht dem Femur (op Däitsch: Oberschenkelknochen) an dem Schinnebeen (Latäin: Tibia), an engem tëscht dem Femur an der Knéischeif (Patella). Et handelt sech ëm dat gréisst Gelenk am mënschleche Kierper.[3]
Well d'Gelenkflächen, déi mateneen a Verbindung stinn, net genee openee passen, gëtt dës "Ongläichheet" mat Knorpelscheiwen ausgeglach, déi d'Form vun engem Hallefmound hunn, a Meniskus genannt ginn. Si passe sech der Dréibeweegung un, verdeelen d'Belaaschtung gläichméisseg an amortiséiere Schocken. Am Knéi gëtt et e Bannemeniskus (Meniscus medialis) an e Baussemeniskus (Meniscus lateralis).[3]
E puer staark Bänner halen dat Ganzt zesummen: dat viischt an dat hënnescht Kräizband (am Gelenk selwer) an d'Bannen- an d'Bausseband op den zwou Säiten. Si verhënneren iwwerméisseg Beweegungen a suerge fir Stabilitéit.[3]
D'Gelenkkapsel ëmschléisst de Knéi. An hir ass eng Flëssegkeet (d'Synovialflëssegkeet), déi d'Gelenk schmiert. D'Bannefläch vun där Kapsel ass mat enger Schläimhaut ausgekleet (der Synovialmembran). D'Muskelen an d'Seenen, besonnesch de Quadriceps femoris (de Muskel vir am ieweschten Deel vum Been) an de Biceps femoris (hannen am ieweschten Deel vum Been) erméiglechen d'Béien an d'Strecke vum Been, an och eng liicht Dréibeweegung no bannen a baussen. D'Patella-Seen verbënnt d'Knéischeif mam Schinnebeen.[3][4]
Zweck
[änneren | Quelltext änneren]De Knéi erméiglecht et dem Kierper beweeglech a gläichzäiteg belaaschtbar ze sinn. Dat ass wichteg fir kënnen ze Goen, ze Lafen, ze Sprangen a vill alldeeglech Beweegungen ze maachen.
De Knéi ass ufälleg fir Verletzungen an Arthros.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Vereinfachten Opbau vum rietse Knéigelenk vum Mënsch (op Däitsch).
- Dat rietst Knéigelenk vum Mënsch mat Bandapparat, Meniskussen a Gelenkkapsel (blo); vun der Säit gekuckt (op Englesch).
- Dat selwecht vun hanne gekuckt.
- D'Bänner vum Knéi (op Däitsch).
- Rëntge vun engem Knéi.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Knéi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Kniegelenk (Veterinärmedizin). DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
- ↑ (de) Knie. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
- 1 2 3 4 (de) Wie funktioniert das Knie?. gesundheitsinformation.de. Gekuckt den 1. Ausgust 2025.
- ↑ (de) Patellasehne. gelenk-klinik.de. Gekuckt den 1. August 2025.