Knéischeif
Ausgesinn

D'Knéischeif (lat.: Patella) ass eng flaach, ofgeronnt, dräieckeg Schank am Kierper vu ville Landwierbeldéieren, dorënner dem Mënsch. Si ass an d'Seen vum Quadrizeps (Musculus quadriceps femoris) agebett an artikuléiert mat der Schank am ieweschte Been (Femur), wouduerch si déi viischt Säit vum Knéigelenk schützt. Duerch d'Vergréisserung vum Hiewelaarm vum Quadrizeps verbessert si d'Kraaftproduktioun vum Muskel.
D'Knéischeif ass dat gréisst Sesambeen am mënschleche Kierper. Bei Puppelcher besteet s'aus Knorpel an ossifiéiert am Laf vun den éischten dräi bis véier Liewensjoren zur Schank.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Knéischeif – Biller, Videoen oder Audiodateien |