Op den Inhalt sprangen

Kodiak Launch Complex

Vu Wikipedia
Start vun enger Athena-I-Rakéit vum Kodiak Launch Complex (LP-1)
STARS-Rakéit op LP-2

De Kodiak Launch Complex (och KLC genannt) ass eng kommerziell Rakéitestartplaz an Alaska. Si steet op der Insel Kodiak am Beräich vun Narrow Cape. De Kodiak Launch Complex gehéiert der Alaska Aerospace Development Corporation an ass fir de Start vu Feststoffrakéite konzipéiert. Bis elo gouf et e puer suborbitale Starte fir militäresch Tester vun der „Ballistic Missile Defense Organisation“ (BMDO) souwéi en orbitale Start vun enger Athena-I-Rakéit an zwéin orbital Starte vun der Minotaur IV. Vun 2001 bis 2008 goufe STARSrakéiten als Zil fir Rakéitenofwiertester vum Kodiak Launch Center gestart.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

De Kodiak Launch Complex huet zwéi Startkomplexer (Launch Pads) mat de Bezeechnungen LP-1 an LP-2 souwéi e Kontrollzentrum.

Kontrollzentrum

[änneren | Quelltext änneren]

De Kontrollzentrum (Launch Control Center) steet an enger Hal an huet déi technesch Ariichtungen, fir de Start ze kontrolléieren, sowéi Ariichtunge fir Wiederobservatioun a 60 Büroplazen.[1]

Launch Pad 1 (LP-1)

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Startplaz ass fir de Start vu grousse Feststoffrakéiten op Basis vu Peacekeeper- a Castor-120-Rakéitemotoren. Rakéiten op Basis vu Minuteman-Rakéitemotore kënnen och vun do starten. D'Startplaz besteet aus enger Montagehal fir d'Virbereedung vun de Rakéiten an de Notzlaaschten an dem Startdësch. Bei deem ass en Tuerm (Launch Service Structure) mat schwenkbare Revisiounsbünen. Am zouenen Zoustand ëmschléissen d'Revisiounsbünen d'Rakéit komplett a si sou e Schutz virun Ëmweltaflëss. Fir de Start gi s'an eng Positioun hanner de Starttuerm geschwenkt, soudatt si vum Feierstral an den Drockwelle vum Rakéitestart net beschiedegt ginn. Bis elo gouf et dräi orbital Starte mat Rakéite vun den Typpen Athena I, Minotaur IV HAPS a Minotaur IV+.[2]

Launch Pad 2 (LP-2)

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Startplaz ass fir de Start vu klenge Rakéiten a besteet aus engem einfache Startdësch an enger beweeglecher Montagehal, déi iwwer de Startdësch gerullt ka ginn. Sou kënnen d'Rakéite wiedergeschützt zesummegebaut an opgeriicht ginn. Eng Revisiounsbün um Startdësch existéiert net.[3] Vun do si suborbital Rakéite vun den Typpen SR-19 M-57A, Castor-4B M-57A, Aries an STARS gestart ginn.

StartDatum (UTC)RakéitNotzlaaschtStartplazErfollegBemierkung
16. November 1999SR-19 M-57Aait-1LP-2ErfollegSuborbital
214. September 1999Castor-4B M-57Aait-2LP-2ErfollegSuborbital
319. Mäerz 2001AriesQRLV-1LP-2ErfollegSuborbital
430. September 2001Athena IStarshine 3, PICOSat, PCSat, SAPPHIRELP-1ErfollegOrbital
59. November 2001STARSWCRRFLP-2FeelschlagSuborbital
624. Abrëll 2002AriesQRLV-2LP-2ErfollegSuborbital
715. Dezember 2004STARSIFT-13C-TargetLP-2ErfollegSuborbital
814. Februar 2005STARSIFT-14-TargetLP-2ErfollegSuborbital
924. Februar 2006STARSFT-04-01-TargetLP-2ErfollegSuborbital
101. September 2006STARSFTG-02-TargetLP-2ErfollegSuborbital
1125. Mee 2007STARSFTG-03-TargetLP-2FeelschlagSuborbital
1228. September 2007STARSFT-03a-TargetLP-2ErfollegSuborbital
1318. Juli 2008STARSFTX-03-TargetLP-2ErfollegSuborbital
145. Dezember 2008STARSFTG-05-TargetLP-2ErfollegSuborbital
1520. November 2010Minotaur IV HAPSSTPSat 2, FASTSAT, FASTRAC-A, FASTRAC-B, FalconSat 5, O/OREOS, RAX, NanoSail D2LP-1ErfollegOrbital
1627. September 2011Minotaur IVTacSat 4LP-1ErfollegOrbital
 Commons: Kodiak Launch Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Alaska Aerospace Corporation: Launch Control Center
  2. Alaska Aerospace Corporation: Launch Service Structure and Launch Pad 1
  3. Alaska Aerospace Corporation: Launch Pad 2