Kolmer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kolmer
Colmar Berg 03 town hall Luxembourg.jpg
D'Gemengenhaus zu Kolmer
An anere Sproochen fr: Colmar
de: Colmar
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Coat of arms colmar berg luxbrg.png Kolmer-Bierg
Buergermeeschter Christian Miny
Koordinaten 49°48'37,01"N, 6°5'49,99"O

Kolmer ass eng Uertschaft an der Gemeng Kolmer-Bierg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vu Kolmer-Bierg ass net wierklech bekannt. Allerdéngs gouf Aarbechtsgeschir aus der Steenzäit fonnt. Dëst léisst drop schléissen datt scho virun iwwer 40.000 Joer Leit zu Kolmer gewunnt hunn. Och d'Kelten hunn zu Kolmer gewunnt an hunn dem Duerf souguer säin Numm ginn: Colmar (col = Hiwwel, mar = grouss). D'Iwwerreschter vu réimesche Villen aus dem 3. Joerhonnert beweisen och, datt d'Réimer Kolmer besidelt hunn.

Am Mëttelalter huet Kolmer, bedéngt duerch Kricher an d'Pescht, vill Awunner verluer an et gouf ëm 1641 nëmmen nach 5 Familljen zu Kolmer.

1951 huet d'Goodyear sech zu Kolmer niddergelooss. D'Schlass Brückenberg ass der Vergréisserung vun der Goodyear ëm 1960 zum Affer gefall. 1970 hëlt Zuel un Awunner zu Kolmer zou an erfuerdert ëmmer erëm de Bau vun neien Infrastrukturen respektiv d'Vergréisserung vun den alen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]