Kolymabierger

Vu Wikipedia

D'Kolymabierger leie am Nordoste am asiateschen Deel vu Russland. Si sinn ongeféier 900 km laang a bis zu 1.962 m héich.

Am Norde grenze si als Deel vum ostsibiresche Biergland un d'Anjuisbierger an am Nordosten un den Anadyrplateau. Am Oste gi se iwwer e puer Héichlandgebidder no an no an d'Korjakebierger iwwer an am Südosten a Süde fale se op d'Ochotskescht Mier of. Am Weste kommen iwwer den Dall vun der Kolyma d'Werchojansker Bierger dobäi an am Südwesten d'Tscherskibierger. Am Nordweste grenzen d'Kolymabierger iwwer e puer dorun ugeschlossen Héichlänner un de Jukagireplateau. An de Kolymabierger ass d'Quell vun der Omolon.

D'Bierger si knapps oder guer net bewunnt, mat enger eenzeger Ausnam: op den Ufere vun der Kolyma gouf (a gëtt) no Gold gegruewen - suwuel "iwwer Dag" wéi och "ënner Dag"; méi dozou kann een ënner Goldrausch op der Kolyma noliesen.