Koméit C/2020 F3 (NEOWISE)
| Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| C/2020 F3 (NEOWISE) | |
|---|---|
| Orbittyp | C |
| Grouss Hallefachs | 358,5 |
| Perihel | 0,295 |
| Aphel | 716,6 |
| Numeresch Exzentrizitéit | 0.999178 |
| Perihelduerchgank | 3. Juli 2020 |
| Ëmlafdauer | ~6787 Joer |
| Ëmlafvitess | 77,6 |
| Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
| Duerchmiesser | ? |
| Entdecker: Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE) | |
| Entdeckungsdatum | 27. März 2020 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den C/2020 F3 (NEOWISE) ass e periodesche Koméit, deen Enn Mäerz 2020 vum Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE) entdeckt gouf.
Entdeckung an Observatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Koméit C/2020 F3 gouf am Kader vum NEOWISE (Near-Earth Object Wide-field Infrared Survey Explorer)-Projet mat Hëllef vum reaktivéierte Weltraumteleskop Wide-Field Infrared Survey Explorer um Südhimmel entdeckt. Eng Serie vun Infraroutopfname vum 27. an 28. Mäerz 2020 huet d'Beweegung vum Koméit virum Stärenhannergrond gewisen, en hat dunn eng Hellegkeet vun ongeféier 17 mag. Déi éischt Observatioun mat engem terrestreschen Teleskop ass den 31. Mäerz gelongen, mam 2-m-Faulkes-Telescope-South am Siding-Spring-Observatorium an Australien. Zum Zäitpunkt vu senger Entdeckung war den C/2020 F3 eng 2,1 AE vun der Sonn an 1,7 AE vun der Äerd ewech a war domat am Beräich vun der Asteroidenceinture.
Bis Ufank Juni 2020 war d'Hellegkeet op ronn 7 mag ugewuess, de Koméit war bis dunn awer just op der Südhallefkugel z'observéieren. An den Deeg dono stoung e vun der Äerd aus gesinn ze no bei der Sonn a war dofir net ze gesinn. Ëm den 22. Juni louch d'Hellegkeet du schonns bei 3 mag, ass séier méi héich ginn an huet kuerz no sengem Perihelduerchgang den 3. Juli e Maximum vun 0,5 mag k erreecht.
Zu där Zäit kunnt een och op de mëttelsse nërdleche Breedegraden eng éischt Kéier de Koméit kuerz viru Sonnenopgang am Nordosten observéieren. Ëm den 10. Juli war dem Koméit déi ganz Nuecht duerch am Norden knapps iwwer dem Horizont nozekucken. An der zweeter Hallschecht vum Mount ass e schonns kuerz nom Sonnenënnergang am Nordwesten ze gesinn, a da viru bis kuerz viru Sonnenopgang am Norden. An där Zäit huet sech e Schwanz vun iwwer 14° Längt entwéckelt, ma vun der Mëtt vum Mount un ass dëse nees méi blatzeg ginn. Den 18. Juli um 21:04 Auer UT goung en an engem Ofstand vun engem Zéngtel Grad laanscht de Stäer ι UMa. Géint Enn des Mounts ass e schonn ëm Mëtternuecht am Nordwesten ënnergaangen, d'Hellegkeet ass ufanks August op 6 mag erofgaangen a louch Enn September just nach bei 12 mag. Déi lescht Observatioun ass den 8. Juni 2021 mam Pan-STARRS 1-Teleskop op Hawaiʻi bei 22 mag gelongen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: C/2020 F3 (NEOWISE) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
