Koméitegrupp

Vu Wikipedia

Als Koméitegrupp bezeechent ee Koméiten, déi Bunnelementer hunn déi sech gläichen. Bis elo si 4 Koméitegruppe bekannt, déi all kleng Perihelofstänn vu q < 0.1 AE hunn.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Koméitegruppen entsti warscheinlech duerch Fragmentatioun vun engem groussen Urspronkskoméit. Déi Fragmentatioun kann entweeder duerch Gezäitekräften oder thermeschen Drock ausgeléist ginn. Bei Koméite mat kuerzer Ëmlafzäit ëm d'Sonn kann dee Prozess no ettlechen Ëmleef dozou féieren, datt en ettlech Dose bis zu iwwer 1000, meeschtens kleng Koméitebrochstécker entstinn. Dat bekanntst Beispill ass d'Kreutz-Grupp.

Kreutz-Grupp[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: Kreutz-Grupp

Déi bekanntst Koméitegrupp gouf vum Däitschen Astronom Heinrich Kreutz am Joer 1888 virgeschloen an 1901 preziséiert. Zu der Kreutz-Grupp gehéieren e puer vun den hellste Koméiten, ë a. déi Grouss Koméite vun 1106, 1680, 1843, 1880, 1882 an 1965. Haut si méi wéi 1000 Kreutz-Koméite bekannt. All Koméiten hunn eng Bunnschréi vu ronn 144°, Perihelofstänn tëscht 0,005 an 0,015 AE, souwéi Perihellängten a –breeden déi sech gläichen. Hir Ëmlafzäit ass ongeféier 750-800 Joer. De Brian Marsden hat erausfonnt, datt sech d'Kreutz-Koméiten an 2 Ënnergruppen andeele loossen. Warscheinlech ginn déi Ënnergruppen op grouss Brochstécker vun engem Kreutz-Koméit zeréck, deen am Joer 371 v. Chr. vum Aristoteles a vum Ephorus observéiert gouf.

Meyer-Grupp[änneren | Quelltext änneren]

A Koronographendate vum Weltraumteleskop SOHO, dee fir Sonnenobservatioun agesat gouf, goufe méi wéi 1250 sonnenno Koméiten observéiert (Stand: Ufank 2007). Méi wéi 75 % vun de SOHO-Koméite si kleng Brochstécker, déi zur Kreutz-Grupp gehéieren. Am Januar 2002 huet den däitschen Amateurastronom Maik Meyer erausfonnt, datt d'Ëmlafbunne vun de Koméiten C/1997 L2, C/2001 E1 an C/2001 X8 duerch änlech Bunnelementer representéiert konnte ginn. E wéineg méi spéit konnten 3 weider Koméite vun him identifizéiert ginn, déi zu der selwechter Grupp vu Koméite gehéieren. Dorop hi gouf d'Meyer-Grupp offiziell konfiméiert.

Zu der Meyer-Grupp gehéiere méi wéi 70 Koméiten (Stand: Ufank 2007). D'Bunnelementer vu dëse Gruppememberen hunn eng ganz kleng Streeung. An der Moyenne beweege si sech mat 73° Bunnschréi, engem Argument vum Perihel vu 57° an enger Kontelinn bei 73°. De Perihelofstand ass ongeféier 0.035 AE. Bis elo konnt fir kee vun de Koméiten eng Ëmlafzäit bestëmmt ginn. En Urspronkskoméit ass net bekannt.

Marsden-Grupp a Kracht-Grupp[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Entdeckung vun der Meyer-Grupp huet de Brian Marsden erausfonnt, datt d'SOHO-Koméiten C/1999 J6, C/1999 U2, C/2000 C3 an C/2000 C4 och änlech Bunnelementer hunn. Weider Membere goufe kuerz drop an Archivdate vun der Raumsond entdeckt. Zu der Marsden-Grupp gehéieren ongeféier 30 Koméiten (Stand: Ufank 2007). Si hu relativ kleng Bunnschréie vu ronn 26° an engem Perihelofstand ëm 0,049 AE.

Wärend enger Duerchmusterung vum SOHO-Archiv huet den Amateurastronom Rainer Kracht am Joer 2002 weider Koméite mat klenger Bunnschréi entdeckt, déi awer net der Marsden-Grupp ugehéierten. Et huet sech erausgestallt, datt hir Bunn nëmmen ëm 13° zu der Ekliptik gebéit ass, d'Längt a Breet vum Perihel souwéi de Perihelofstand vu ronn 0.045 AE awer zimmlech d'selwecht wéi bei der Marsden-Grupp sinn. Ronn 30 Koméite vun der Kracht-Grupp si bekannt.

De Glach an de Bunnelementer vu Marsden- a Krachtgrupp loossen op e kollektiven Urspronk schléissen. 2005 hunn déi amerikanesch Astronomen Zdenek Sekanina a Paul Chodas e Modell virgestallt, an deem d'Marsden- a Kracht-Gruppen an engem groussen interplanetaresche Komplex ëm 96P/Machholz agebett sinn, zu deem nieft 96P an de béide Koméitegruppen nach 7 Meteorstréim souwéi den Asteroid 2003 EH1 an de Koméit C/1490 Y1 gehéiere sollen. Dat deit dorophin, datt d'Koméite vun der Marsden- a Kracht-Grupp kuerzperiodesch mat enger Ëmlafzäit vu 4-6 Joer sinn. Genee Ënnersich vun de Membere vu béide Koméitegruppen hu gewisen, datt en ettlech Koméiten am Zäitraum tëscht 1996 an 2006 tatsächlech zeréckkoumen. Wéinst ongeneeë Positiounsdate si genee Andeelunge resp. Identifikatiounen nëmme schwéier méiglech.

Änlech Bunnelementer a weider méiglech Koméitegruppen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt keng genee Definitioun, wat fir Krittären erfëllt musse sinn, fir datt ee vu Koméitegruppe schwätzt. Unhand vun historesche Virbiller sollen awer op d'mannst dräi Koméite mat änleche Bunnelementer bestoen. Hunn nëmmen zwéi Koméiten änlech Bunnelementer, sou nennt een dat eng Koméitekoppel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Green, D. (2002), New groups of near-sun comets, IAUC 7832
  • Hönig, S. F. (2006), Identification of a new short-period comet near the sun, A&A, 445, 759
  • Marsden, B. Kracht group, MPEC 2002-O35
  • Meyer, M. (2003), New groups of near-sun comets, International Comet Quarterly, p. 115 - 122
  • Sekanina, Z., Chodas, P. W. (2005), Origin of the Marsden and Kracht Groups of Sunskirting Comets. I. Association With Comet 96P/Machholz and Its Interplanetary Complex, ApJS, 161, 551

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]