Kommissär Harespel

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kommissär Harespel
Figur vum Kommissär Harespel
Createur Lucien Czuga, Roger Leiner
Ass en(g) fiktiv Figur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Polizist
Universum
Present am Superjhemp


De Kommissär Apollon Harespel[1] ass eng Lëtzebuerger Comicfigur déi an all Album aus der Serie Superjhemp, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf, virkënnt. Hien ass de Virgesetzte vum Inspekter Léandre Schrobiltgen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlechkeet[änneren | Quelltext änneren]

Seng Devise ass "d'Aarbecht hält jonk" an dowéinst schafft en nach, obwuel e scho laang an der Pensioun misst sinn.

Privat Liewen[änneren | Quelltext änneren]

A senger Fräizäit sammelt en Timberen a këmmert sech ëm säi Gaart. Hie leet ganz vill Wäert op seng Fra, obwuel hie si nach ni gesinn huet.

Originn[änneren | Quelltext änneren]

De Kommissär ass inspiréiert vum Commissaire Sigismond Bourdon aus der BD Ric Hochet, dee sou wéi hien, e karéierte Paltong huet an eng Päif fëmmt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lucien Czuga a Roger Leiner, Luxusbuerger Lexikon, Éditions Revue, ISBN 2-919999-50-8, 39 p.