Op den Inhalt sprangen

Konklav

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Sixtinesch Kapell

De Konklav (vum laténgesche cum a clave, wuertwiertlech „mat Schlëssel“) bedeit am klassesche Latäin en „zougespaarte Raum“. An der kathoulescher Kierch ass et déi Plaz, wou d'Kardineel agespaart sinn, fir wärend der Sedisvakanz – déi Zäit, an där den Hellege Stull eidel ass – zesummen en neie Poopst ze wielen. Och d'Versammlung selwer an hir Aarbecht ginn als Konklav bezeechent.

D'Originn vum Agespaartsinn ass drop zeréckzeféieren, well et verschidde politesch Amëschunge gouf, deenen de Poopst Gregor X. um Zweete Konzil vu Lyon am Joer 1274 en Enn gesat huet. Zënterhier mussen d'Kardineel isoléiert bleiwen an däerfen eréischt erausgoen, nodeems en neie Poopst gewielt gouf. Zënter 1878 gëtt de Konklav an der Sixtinescher Kapell am Vatikan ofgehalen.

Nom Doud vum Franciscus, den 21. Abrëll 2025, huet de Konklav fir d'Wal vu sengem Nofollger de 7. Mee 2025 ugefaangen.

 Commons: Konklav – Biller, Videoen oder Audiodateien