Op den Inhalt sprangen

Konkoly-Observatoire

Vu Wikipedia
Konkoly-Observatoire
Loftbild vum Konkoly-Observatoire
Typ astronomeschen Observatoire
Architekt(en) Gyula Sváb, Róbert K. Kertész
Opgaangen 1871
Websäit http://www.konkoly.hu/
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Ungarn
Regioun/Gemeng Budapest
Koordinaten 47°29'58,92"N, 18°57'50,00"O
Héicht 474 m

De Konkoly-Observatoire (Konkoly Obszervatórium) ass en astronomeschen Observatoire zu Budapest. E gehéiert zur ungarescher Akademie vun de Wëssenschaften a gëtt och vun hir bedriwwen.

Den Observatoire gouf am Joer 1871 vum adelegen Astronom Miklós Konkoly-Thege als Privatobservatoire gegrënnt an am Joer 1899 un den ungaresche Staat als "éiwege Kaddo un d'Astronomie" vermaach. De Miklós Konkoly-Thege war eng interessant Perséinlechkeet vum 19. Joerhonnert a gëllt als de Grënner vun der moderner Astronomie an Ungarn. Net ëmsoss ass d'Strooss, déi direkt vum Normafa bei den Observatoire féiert, nom Fuerscher a Politiker genannt. "Haut gëllt den Observatoire als Rendez-vous fir Wëssenschaftler, fir kollektiv iwwer Koméiten, Mineralplanéiten, Stären a Liichtquellen z'erfuerschen", seet de László Kiss, Direkter vum Observatoire. Am Joer 1940 gouf am gréissten Doum vun der Anlag, deen iwwer dem groussen Teleskop vum Zeiss steet, souguer e Koméit entdeckt. Den Observatoire war och haaptsächlech um Groussprojet vun der Sond Philae bedeelegt. Déi Sond war déi éischt, déi op engem Koméit mëll gelant war.

D'Fuerschungsinstitut ëm den Observatoire beschäftegt am Ament[Wéini?] ronn 80 Fuerscher, dorënner 50 Astronomen, déi vun Universitéiten oder vu méi klengen Observatoire kommen. Den Observatoire Budapest huet vill international Partnerschaften. Dozou zielt och de Max-Planck-Institut an Däitschland. Weider komme wäertvoll Expertisen aus Holland, Spuenien, Italien, Frankräich, Groussbritannien, Dänemark an Australien. Schliisslech leet den Observatoire och Bachelor- a Masterstudiengäng un der ELTE-Universitéit am Beräich Astronomie. Zanter Mee 2016 ass den Observatoire och fir d'Ëffentlechkeet zougänglech.[1]

Portal Astronomie

 Commons: Konkoly-Observatoire – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Archive copy Archivéiert den 29.06.2016. Gekuckt de 07.02.2017.