Konsul
Den Titel Konsul gëtt gebraucht fir offiziell Representante vun engem Staat ze bezeechnen. Déi genee Definitioun vum Amt vun engem Konsul hänkt awer ganz vun der jeeweileger Zäitperiod of.
Inhaltsverzeechnes
Réimerzäit[änneren | Quelltext änneren]
E Konsul war den héchste Regierungsbeamten am Réimesche Räich. Fir Muechtmëssbrauch virzegräifen gouf et awer ëmmer zwee gläichberechtegt Konsulen, déi sech géigesäiteg kontrolléiert hunn. Si goufe vun der Volleksversammlung op ee Joer gewielt. Si hunn de Senat an d'Volleksversammlung aberuff a waren am Krich d'Féirer vun de réimesche Sträitkräften.
Revoltionäert Frankräich[änneren | Quelltext änneren]
A Frankräich hunn nom Stuerz vum Directoire 1799 dräi gewielte Konsulen d'Regierung gefouert. Deen éischten ënner hinne war den Napoléon. Hien huet awer no an no all d'Muecht a senger Hand konzertréiert, bis datt 1804 mat senger Kréinung zum Keeser d'Konsulat definitiv um Enn war.
Haut[änneren | Quelltext änneren]
Hautdesdaags bezeechent e Konsulat eng diplomatesch Funktioun, déi sech am Ausland fir d'Interesse vum eegene Staat a senge Bierger asetzt, mä am Rang ënner där vun engem Ambassadeur steet.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Consulates – Biller, Videoen oder Audiodateien |