Konsumenteschutz

Vu Wikipedia

Als Konsumenteschutz bezeechent een eng Rei Mesuren a Bestriewungen, déi de Mënsch a senger Roll als Konsument vu Gidder oder Déngschtleeschtunge soll schützen. D'Iddi, datt de Konsument muss geschützt gi berout op der Grondlag, datt de Konsument dem Produzent oder dem Distributeur vun de Gidder, respektiv dem Ubidder vun Déngschtleeschtungen, strukturell ënnerleeën ass. Hie ka wéinst engem Manktem vu Fachkenntnesser, Informatiounen, Ressourcen an/oder Erfarung benodeelegt sinn.

Sou kann de Staat beispillsweis d'Entreprisë per Gesetz dozou zwéngen, bestëmmt Informatiounen iwwer hir Produkter matzedeelen. Dat gëtt besonnesch a Beräicher gemaach, an deenen d'Sécherheet oder d'Gesondheet vum Konsument betraff ass. A sou engem Fall stellt de Konsumenteschutz eng Aart Regulatioun duerch d'Regierung duer.

Konsumenteschutz gëtt et haaptsächlech an entwéckelte Konsumgesellschaften, an deenen de Rechtssystem fonctionéiert.

Zu Lëtzebuerg ass d'Union luxembourgeoise des consommateurs (ULC) e bedeitenden Acteur an deem Beräich. Et handelt sech dobäi ëm eng a.s.b.l., déi den 23. Abrëll 1961 gegrënnt gouf.[1] Si ass Member vum BEUC, der Daachorganisatioun vun de Konsumenteschutzveräiner um Niveau vun der Europäescher Unioun.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ulc.lu: Historique de l'Union Luxembourgeoise des Consommateurs (gekuckt de 14. Juni 2015)
  2. beuc.eu