Koordinatesystem

Vu Wikipedia

Fir sech op enger Landkaart erëmzefannen, gi bei der Hierstellung vun de Kaarten déi geographesch Koordinaten (Längten- a Breetegraden) an e kartesescht Koordinatesystem ëmgewandelt.

Dat kartesescht Koordinatesystem ass bal ëmmer sou opgebaut, datt d'X-Achs vu Westen no Osten (also vu lénks no riets op der Kaart) an d'Y-Achs vu Süden no Norden (also vun ënnen no uewen op der Kaart) geet.

Et gëtt iwwer 200 verschidde Koordinatesystemer an net zulescht mat dem Opkomme vun den Navigatiounssystemer op Basis vu GPS hunn déi verschidde Koordinatesystemer och bei der ziviller Populatioun u Wichtegkeet gewonnen.

D'Militär benotzt quasi exklusiv den UTM-Koordinatesystem, deen um UTM-Projektiounsmodell baséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coordinate systems – Biller, Videoen oder Audiodateien