Op den Inhalt sprangen

Kopenhagener Krittären

Vu Wikipedia

D'Kopenhagener Krittären si Krittären, déi d'Bäitrëttskandidate vun der Europäescher Unioun erfëlle mussen, fir Member an der Europäescher Unioun ze ginn.

D'Kopenhagener Krittäre goufen den 22. Juni 1993 um EU-Sommet zu Kopenhagen a Virbereedung op déi éischt EU-Erweiderung vum Europäesche Conseil beschloss. Méi genee handelt et sech ëm dräi Gruppe vu Krittären, déi all d'Bäitrëttslänner erfëlle mussen; dat si politesch, wirtschaftlech an Acquis-Krittären. D'Krittäre musse spéitstens beim Ofschloss vun de Verhandlungen, also virum eigentleche Bäitrëtt, erfëllt ginn. D'Kopenhagener Krittäre goufen och geschaaft, fir offiziell an objektiv Ufuerderunge fir potenziell Kandidatelänner festzeleeën, déi den Erweiderungskritiker ënnert de Memberstaaten d'Angscht huele soll, datt d'EU ënnert engem Bäitrëtt vu politesch a wirtschaftlech schwaacher Länner leide kéint.

Mat dem a Kraaft triede vum Traité vun Amsterdam am Mee 1999, hunn déi zu Kopenhage festgeluecht politesch Krittäre gréissendeels als e Verfassungsprinzip de Wee an den Traité iwwer d'Europäesch Unioun fonnt. Den 2. Artikel vum EU-Traité seet: „D'Grondwäerter vun der Europäescher Unioun, sinn d'respektéiere vun der Mënschewürd, d'Fräiheet, d'Demokratie, d'Gläichheet, d'Rechtsstaatlechkeet an d'Warung vun de Mënscherechter och d'Rechter vun de Persounen, déi Minoritéiten ugehéieren. Dës Wäerter sinn d'Gemeinsamkeet vun all de Memberstaaten, déi sech duerch Pluralismus, d'Netdiskriminéieren, Toleranz, Gerechtegkeet, Solidaritéit an d'Gläichheet vu Fraen a Männer ausgezeechent. An Artikel 49 beschreift et deementspriechend: „All europäesche Staat, deen op déi an Artikel 2 genannt Wäerter kuckt a sech fir d'Fërderung vun deene Wäerter asetzt, kann ufroen, Member an der Europäescher Unioun ze ginn.“ Dës Prinzippien goufen an der Charta fir d'Grondrechter vun der Europäescher Unioun ervirgehuewen, déi beim Europäesche Conseil zu Nice am Dezember 2000 verkënnegt goufen a mat dem Traité vu Lissabon den 1. Dezember 2009 a Kraaft getruede sinn.

Déi dräi Krittären

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kopenhagener Krittären, déi d'Staate fir hir Opnam an d'EU z'erfëllen hunn, ginn och als dräi iwwergeurdent Krittären duergestallt: de „politische Krittär“, de „wirtschaftleche Krittär“ an den „Acquis-Krittär“.[1]

Politesch Krittären

[änneren | Quelltext änneren]
  • Warung vun de Mënscherechter
  • Institutionell Stabilitéit
  • Demokratesch a rechtsstaatlech Gronduerdnung
  • Achtung a Protektioun vu Minoritéiten

Wirtschaftlech Krittären

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Fäegkeet, dem Concoursdrock bannent dem EU-Bannemaart standzehalen
  • Funktiounsfäeg a Concourfäeg Maartwirtschaft
  • Oppenheet vun de Mäert géintiwwer dem Ausland

Acquis-Krittär

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Fäegkeet, sech déi aus enger EU-Memberschaft Verpflichtungen an Ziler zu eegen ze maachen. Dat bedeit praktesch d'Iwwerhuele vum „gemeinschaftleche Besëtzstand“ (Acquis communautaire).

EU-Gemeinschaftlech Krittären

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Kopenhagener Krittären – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) Kopenhagener Kriterien sind formal erfüllt - WELT. DIE WELT. Gekuckt den 09.05.2025.