Korënt

Vu Wikipedia
Sultananinen

Korënten, Korinten oder Rosénge sinn déi gedréchent Friichte vun der Drauf. Hir Haut ass goldgiel bis donkelbrong. Am Lëtzebuergesche ginn d'Begrëffer "Roséngen" a "Korënten" sou gutt wéi ëmmer als Synonym benotzt, fir richteg muss een awer Ënnerscheeden tëscht:[1]

  • Rosénge sinn däischter Dréchefriichten mat méi Kären
  • Sultanine si méi grouss wéi Rosénge a si sinn hell, hunn eng dënn Schuel a keng Kären; ursprénglech goufe si aus der Sultan-Drauf gewonnen
  • Korënte si mof-schwaarz Dréchefriichten ouni Kären, déi aus der Korinthiaki-Drauf gewonne ginn
  • Zibebe ginn am däitschsproochege Raum déi grouss Drauwe genannt, déi nach um Stack gedréchent ginn a Kären hunn.

Net all Drauf eegent sech fir d'Produktioun vu Korënten. D'Drauf gëtt zeideg gepléckt an duerno gedréchent. Traditionell gi se entweeder direkt an der Sonn oder op enger Plaz gedréchent, déi waarm a gutt duerchlëft ass an am Schiet läit. Duerch d'Dréchne läit d'Reschtfiichtegkeet herno nach bei 15-25%.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Korënten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. N-TV (online): Sind Rosinen auch Korinthen? (9. Dezember 2015)
  2. www.rosinen.org