Kosmesch Vitess

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kosmesch Vitesse)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kmoon.png Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als kosmesch Vitess bezeechent een d'Mindestvitess, déi ee ballistescht Geschoss – ouni Beuechtung vum Loftwiderstand – bräicht, fir no dem Ofschoss ouni weider Beschleunigungsmanöveren aus dem Gravitatiounsfeld vun engem kosmesche Kierper ewechzekommen.

No der Äerd, der Sonn oder der Mëllechstrooss (Galaxis) berechent ee véier Vitessen. Si si keng Naturkonstanten, a gi fir all Gravitatiounsfeld sonner berechent. Am Wesentlechen hu si theoretesch Bedeitung; an der Raumfaart sinn dacks däitlech méi kleng Vitessen néideg, well Raumgefierer a Raumsonden en eegenen Undriff hunn oder duerch Swing-by-Manövere bei grousse Planéiten zousätzlech méi Vitess kréien.

Vill observéiert kosmesch Kierpere wéi Asteroiden an aner Stären a Bezuch zum Mëllechstroossekär asw. hu Vitessen, déi enger vun deene véier kosmesche Vitessen zimlech no kommen. Dat si statistesch Wäerter. Kierpere mat anere Vitessen entzéie sech den erhoffte Bunnen a sou der Observatioun. Eng Gesetzméissegkeet, no där kosmesch Kierperen dozou tendéieren, bevirzucht bestëmmt Vitessstufen anzehuelen, gëtt ausgeschloss.