Raf

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Krëpp)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat engem Raf fir Fudder. Fir déi verschidde Bedeitunge vun der Ofkierzung RAF, kuckt wgl. RAF.
E Raf op engem Giewel zu Warzée

E Raf ass eng Konstruktioun am Form vun engem Reech oder enger Leeder, déi haaptsächlech an de Ställ, de laange Wee laanscht eng Mauer ubruecht ass, an déi geduecht ass fir Hee oder soss gedréchent Hällem wéi Stréi oder Bounestréi dran ze leeën, fir datt d'Béischten d'Fudder net viru sech um Buedem leien hunn, an et duerch Vertrëppele verbëtze kënnen.

De Raf ass sou un der Mauer festgemaach, datt déi ënnescht Läischt widder der Mauer läit a sou verhënnert datt d'Fudder no ënnen erausrutsche kann. Déi iewescht Läischt ass ongeféier en hallwe Meter vun der Mauer ewech, fir datt vun uewe kann nogefëllt ginn.

A ville Ställ sinn dofir am Plaffong Liichten, fir datt d'Fudder direkt vum Heeknapp kann an de Raf gehäit ginn.