Op den Inhalt sprangen

Kristrún Frostadóttir

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kristrun Frostadottir)
Kristrún Frostadóttir
Gebuer 12. Mee 1988
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Boston University,
Yale Universitéit
Aktivitéit Politikerin, Ekonomistin
Fonctioun Premierministesch vun Island

D'Kristrún Mjöll Frostadóttir [ˈkʰrɪstruːn ˈfrɔstaˌtoʊhtɪr], gebuer den 12. Mee 1988 zu Reykjavík, ass eng islännesch Ekonomistin a Politikerin (Allianz). Si ass zanter dem 21. Dezember 2024 Premierministesch vun hirem Land.

Si ass zanter 2021 Member vum islännesche Parlament Althing fir d'Allianz an zanter 2022 hir Parteipresidentin. 3 Joer ier se Deputéiert gouf war si Chefekonomistin vun enger Bank.

D'Kristrún Frostadóttir huet e Master an der Ekonomie vun der Boston University an a Global Affairs vun der Yale University.

Bei der virgezunner Parlamentswal vum 30. November 2024 gouf d'Allianz déi stäerkst Partei. An enger Koalitioun mat zwou anere méi klenge Parteie gouf d'Kristrún[1] als Ministerpresidentin benannt an den 21. Dezember 2024 vereedegt.[2]

 Commons: Kristrún Frostadóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fiche um Site vum Althing

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm genannt.
  2. "Nach Neuwahlen: Kristrún Frostadóttir wird neue Ministerpräsidentin von Island." spiegel.de, 21.12.2024.