Op den Inhalt sprangen

Kuelbecherhaff

Vu Wikipedia
Kuelbecherhaff
 
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Helperknapp
Buergermeeschter Paul Mangen
Awunner 6
  1. Januar 2021
Koordinaten 49° 43’ 17.9’’ N
      06° 04’ 01’’ O

De Kuelbecherhaff ass en Haff a Lieu-dit an der Gemeng Helperknapp. Virum 1. Januar 2018 huet en zur fréierer Gemeng Tënten gehéiert.

E läit op enger Héicht vu ronn 320 m (NG-L) um Kuelbicherbierg (engem Ausleefer vum Béisebierg), deen no Westen hin op den Dall vun der Kalbaach erofgeet, an no Süden hin op dee vun der Äisch. Ronderëm ass Bësch.

Den Accès zum Haff geet iwwer eng schmuel Strooss déi vum CR113 ofgeet, kuerz no der Kräizung mam CR105.

Den 20. November 2020 goufen d'Haaptgebaier vum Kuelbecherhaff als nationaalt Monument klasséiert[1].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).