Kuelege Chondrit

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Verschidde kueleg Chondritten. Vu lénks no riets: Allende (CV), Tagish Lake (CI), Murchison (CM)

Déi kueleg Chondritte stellen eng besonnesch Form vun Stengmeteoritten duer.

Si hunn en héijen Undeel un Kuelestoff (bis zu 3 %), deen a Form vu Graphit, Karbonaten an organesche Zesummesetzungen, dorënner Aminosaieren, virläit. Doriwwer eraus hu si Waasser a Mineraler, déi duerch den Afloss vu Waasser verännert gouf. Déi kueleg Chondritte ware kengen héijen Temperaturen ausgesat, soudatt si kaum duerch thermesch Prozesser verännert goufen. En etlech kueleg Chondritte, wéi den Allende-Meteorit enthalen Calcium-Aluminium-räich Aschlëss (CAIs). Et handelt sech dobäi ëm Verbindungen, déi fréi aus dem solaren Urniwwel auskondenséierten an déi eelst am Sonnesystem entstanenen Minerale duerstellen däerften.

Verschidde primitiv kueleg Chondritten, wéi z. B. den CM-Chondrit Murchison, hu presolar Mineraler, dorënner Siliziumkarbid a winzeg nëmmen nanometergrouss Diamanten, déi offensichtlech net an eisem Sonnesystem entstoungen. Déi presolar Mineraler goufe warscheinlech bei der Explosioun vun enger noer Supernova oder an der Ëmgéigend vun engem pulséierendem Roude Ris (méi genee: engem sougenannten AGB-Stär) geformt, ir si an d'Matièrewolleke koumen, aus där sech eist Sonnesystem geformt huet. Bei sou Stärenxplosioune ginn Drockwellen fräigesat, déi Matièrewolleken an hirer Ëmgéigend verdichte kënnen, wat zu der Formung vun neie Stären a Sonnesystemer féiere kann.

Unhand vun hirer cheemescher Zesummesetzung ginn déi kueleg Chondritten an d'Gruppen CI, CB, CM, CV, CO, CR, CK an CH agedeelt.

NWA 3118, kuelege Chondrit, CV3
  • CI-Chondrit, genannt nom Fall vun Ivuna, Tansania, hunn en héije Undeel un Waasser (bis zu 20 %) a vill organesch Verbindunge wéi Aminosäiren. Si goufen am Laf vun hirer Existenz net iwwer 50 °C erwiermt an däerften am baussechte Sonnesystem entstane sinn. Méiglecherweis sinn si Deeler vun fréiere Koméiten. D'CI-Chondritten hunn keng visuell Chondren, well dës duerch d'Waasser zerstéiert goufen.
  • CB-Chondritten (Bencubbin, Australien) bestinn zu jee ronn 50 % aus Néckel-Eisen a Silikater. Trotz hirem héijen Eisenundeel ginn d'Meteoritten net zu de Steen-Eisemeteoritte gezielt. Villméi si se wéinst hire mineralogeschen Eegenschaften a cheemescher Zesummesetzung aartegläich mat den CR-Chondritten. Vertrieder vun där Grupp ginn och als "Bencubbiniten" bezeechent. D'Bencubbinitte sinn méiglecherweis an der Grenzschicht tëscht dem Néckel-Eisen-Kär an dem silikatesche Mantel vun engem C-Asteroid entstanen.
  • CM-Chondritten (Mighei, Ukrain) gLàichen den CI-Chondritten an hirer cheemescher Zesummesetzung. Si hu just manner Waasser an hunn däitlech Chondren an vill CAI-Aschlëss. D'CM-Chondritten däerften och am baussenzege Sonnesystem entstane sinn.
  • CV-Chondritten (Vigarano, Italien) si vun hirer cheemescher Zesummesetzung a vun hirer Struktur aus de gewéinlechen Chondritten änlech. Si hunn awer am Géigesaz zu dëse Meteoritte Spuere vu Waasser an organeschen Substanzen. CV-Chondritte weisen däitlech siichtbar Chondren a vill CAIs op.
  • CO-Chondritten (Ornans, Frankräich) sinn cheemesch änlech zesummegesat wieéi d'CV-Chondritten. Si sinn awer méi donkel a weise ganz kleng Chondren a vill manner CAIs op.
  • CR-Chondritten (Renazzo, Italien) gläichen den CM-Chondritten, si hu just méi Néckel-Eisen an Eisensulfid. Spektroskopesch Ënnersich weisen Iwwereneestëmmunge mat dem Pallas, dem zweetgréissten Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Méiglecherweis stamen d'CR-Chondritte vun dësem Himmelskierper.
  • CK-Chondritten (Karoonda, Australien) hunn en héijen Deel vum Mineral Magnetit. Dëst gëtt dem Meteorit eng mattschwaarz Faarf. CK-Chondritten hunn verschidde grouss Chondren an heiansdo Aschlëss vu CAIs.
  • CH-Chondritten (High-Iron) hunn en héijen Undeel un Néckel-Eisen, dacks méi wéi 50 Gewiichtsprozent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]