Kuelestoffmonoxid

Vu Wikipedia

Kuelestoffmonoxid (och Kuelemonoxid, fréier och Kuelenoxyd) ass eng cheemesch Verbindung aus Kuelestoff a Sauerstoff mat der Formel CO. Kuelestoffmonoxid ass e faarf-, geroch- a geschmaachlost gëftegt Gas. Et entsteet ënner anerem bei der onvollstänneger Verbrennung vu kuelestoffhaltege Stoffe.

Kuelestoffmonoxid ass brennbar a verbrennt mat enger bloer Flaam zu Kuelestoffdioxid. Als Bestanddeel vum Stadgas gouf et a villen europäesche Länner bis an déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert als Brenn- a Liichtgas agesat. Zesumme mat Waasserstoff gëtt Kuelestoffmonoxid an der cheemescher Industrie fir d'Hierstellung vu Methanol an anere Grondchemikalie gebraucht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Beyer, Wolfgang Walter: Lehrbuch der Organischen Chemie. S. Hirzel Verlag, Stuttgart – Leipzig 1998, 23. iwweraarb. an aktualiséiert Editioun, ISBN 3-7776-0808-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kohlenstoffmonoxid – Biller, Videoen oder Audiodateien