Kuelestoffstär

Vu Wikipedia

D'Kuelestoffstären (engl. carbon stars) si spéit Risestären, wéi d'rout Risen oder geleeëntlech rout Zwergen, deenen hir Atmosphäre méi Kuelestoff wéi Sauerstoff enthalen. Déi béid Elementer maachen an de kille baussenzege Schichte vun de Stäre Kuelemonoxid, dat de ganze Sauerstoff an der Atmosphär bënnt. Déi lescht Kuelestoffatomer formen dobäi aner Verbindungen. Dat gëtt dem Stär eng „raschteg“ Atmosphär. Fir den Observateur gesäit de Stär da rout aus.

D'spektral Charakteristik vun deene Stären ass markant. Si gouf fir d'éischt wéinst hirem Spektrum vum Angelo Secchi an den 1860er Joren als eege Stäreklass identifizéiert. Dat war d'Pionéierzäit vun der astronomescher Spektroskopie. An „normale“ Stären (wéi d'Sonn) enthält d'Atmosphär méi Sauerstoff wéi Kuelestoff. Gewéinlech Stären, déi net déi Ausprägung resp. Eegenschafte vu Kuelestoffstären hunn, gi fir se vun den aneren z'ënnerscheede Sauerstoffstären (engl. oxygen stars) genannt.

En typesche Vertrieder vun de Kuelestoffstären ass de La Superba.