Kullang (Daach)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kulang (Daach))
E Kullang

E Kullang (vereelzt: Kondel) ass en Bauelement, dat um Daach vun engem Gebai festgemaach ass. Seng Funktioun ass d'Opfänken an den Offloss vum Reewaasser. De Kullang ass um ënneschten Deel vum Gespär oder just iwwer der Corniche ënner der Daachtraf festgemaach. Wann et reent, leeft d'Waasser den Daach erof a fällt an de Kullang, duerch deen et op eng bestëmmt Plaz ënne beim Gebai oder an d'Kanalisatioun leeft. D'Reewaasser ka vum Kullang awer ënner anerem och an eng Zetär geleet ginn. Den Deel vum Kullang ënner der Traf ass meeschtens e Bac a Form vun engem Rouer, deen no uewen hallef op ass, e kann awer och eng rechteckeg Form hunn.

Kullange kënnen aus Koffer, Aluminium, verzénktem Blech, PVC oder Holz sinn. Meeschtens hänke s'a Kreep, de Kullangskreep, et kann awer och eng Konstruktioun sinn déi mat Blech oder soss engem waasserdichte Material ausgeluecht ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kullang – Biller, Videoen oder Audiodateien