Kulturgeographie

Vu Wikipedia

D'Kulturgeographie, als Deelgebitt vun der Anthropogeographie, befaasst sech mat de raimleche Konsequenze vun der Kultur, a studéiert d'mënschlech Verhalensweisen an Iddien (Sproochen, Traditiounen, Glawen, Ernierungsweisen, Goûten,...).

Déi Wëssenschaft geet dovun aus, datt de Mënschen hir Organisatioun a Beweegung am Raum net nëmmen duerch reng rationnel Grënn („Wat ass méi bëlleg? Wat ass méi no? Wat ass méi séier?,...“) z'erklären ass, mä och duerch onrationnel Aspekter, déi duerch d'Kultur, an där all Mënsch lieft beaflosst sinn.

Wichteg Nimm vun der Kulturgeographie sinn de Carl Ortwin Sauer (mat senger Ekipp op der Berkeley-Universitéit a Kalifornien), de Friedrich Ratzel, de Paul Vidal de la Blache, de Pierre Gourou, de Paul Claval, de Joël Bonnemaison,...