Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

2007 ass Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad. Mee, am Géigesaz zu 1995, organiséiert Lëtzebuerg et net eleng. "Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007" ass de Virschlag vu Lëtzebuerg un d'Europäesch Kommissioun. Fir d'éischt Kéier zanter datt d'Kulturhaaptstad 1985 vun der griichescher Sängerin, Komödiantin a Politikerin Melina Mercouri agefouert gouf, wäert also d'Kulturhaaptstad eng Regioun sinn an net nëmmen eng eenzel Stad.

Zur Groussregioun zielen d'Saarland, Rheinland-Pfalz, Loutrengen, déi franséischsproocheg an déi däitschsproocheg Communautéit aus der wallounescher Belsch. Si ëmfaasst eng Fläch vu 65.000 km² an zielt 11,2 Milliounen Awunner (ongeféier 2,5 % vun der Gesamtpopulatioun vun der EU).

D'Originalitéit vum Virschlag besteet doran, 5 Regiounen aus 4 verschiddene Länner z'associéieren a sou och verschiddesproocheg Leit zesummenzebréngen. Trotzdeem huet d'Jury (déi zou der Europäescher Kommissioun gehéiert) an hirer Versammlung vum 14 Mäerz 2003 gezéckt der Propositioun zouzestëmmen.

D'Press huet dunn och relativ séier Informatioune publizéiert déi der lëtzebuergescher Delegatioun no net genuch dokumentéiert an onkomplett waren. D'Delegatioun huet doropshin e komplette Rapport ausgeschafft. Bei de Versammlungen, an deenen iwwer d'Organisatioun diskutéiert ginn ass, war och den "Institut Européen des Itinéraires Culturels" dobäi.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Groussregioun gesäit sech wéi eng Zort "europäesche Laboratoire", deen e Reseau entwéckelt fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht den eenzele kulturellen Institutiounen aus deene verschiddene Länner. Ronderëm dëst gemeinsamt Objektiv huet all Land sech och nach en eegent Thema erausgesicht:

  • Lëtzebuerg: "Migratiounen"
  • Saarland: "Industrielle Patrimoine"
  • Rheinland-Pfalz: Grouss europäesch Perséinlechkeeten
  • Loutrengen: "Kultur vum Erënneren"
  • Wallounien: "Ausdréck vun der Modernitéit"

Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 29. September 2003 gouf d'ASBL gegrënnt.
  • De 16. Oktober ass de Robert Garcia, Journalist an Deputéierten, als "Generalkoordinator" gewielt ginn.
  • Den 22. Dezember 2003 ass den offizielle Konzept der Press virgestallt ginn.
  • De 5. Abrëll 2004 war d'Treffe mat der Jury zu Bréissel.
  • De 27. Abrëll ass eng Pressekonferenz aberuff gi fir den Accord vun der Jury matzedeelen.
  • De 27. Mee 2004 huet dunn de Ministerrot zu Bréissel decidéiert déi Lëtzebuerger Kandidatur an déi vu Sibiu a Rumänien definitiv unzehuelen fir Kulturhaaptstad 2007.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.